Josef Çinar bleift Chefcoach fir déi nei Saison
23 April 2024
Den FC Berdenia Berbourg ass immens houfrëg fir d'Vertragsverlängerung vun eisem Chefcoach Josef Çinar ze annoncéieren. De Jupp huet d'éischt Equipe an der Wanterpaus iwwerholl an déi rezent Resultater an der Réckronn schwätze fir sech. Elo huet hien fir weider 2 Joer ënnerschriwwen, sou dass eng wichteg Personalie en vue vun der nächster Saison fréihzäiteg geklärt ass.
Mir si Berbuerg!
Good News deemno fir eis Equipe an de ganze Veräin. Mir freeën eis dass eis gutt Zesummenaarbescht och iwwert d'Saison 2023/2024 eraus Bestand huet!
Mir si Berbuerg!