#entente2B

An de Joren 2021 an 2022 ass tëschent de Veräiner vu Biwer a Berbourg eifreg un engem gemeinsame Jugendkonzept geschafft ginn, wat am Juli 2022 présentéiert ginn ass.

An Zukunft wäerten deemno all eis Jugendéquippeen ënnert dem gemeinsamen Numm #entente2B um Championnat vun der FLF Deel huelen. D'Grënn fir dèes Zesummenaarbescht si villschichteg an alternativlos. Iwer 100 Kanner a Jugendlecher tëschent 4 an 13 Joer ginn akutell am Kader vun der dëser Entente Woch fir Woch encadréiert a betreit.

D'Entente2B bidd all Kand en altersgerechten an ofwiesslungsräichen Training dee Spaass mecht a wou d'Resultat vun de Matcher am Ufank komplett Niewesaach ass. Mir wëllen all de Kanner Spaass um Sport an der Beweegung vermëttlen an hinnen niewent dem Sport och aaner Valeuren mat op de Wee ginn.