Josef Çinar neien Trainer


03 January 2024

Den FC Berdenia Berbourg deelt mat dass de Pascal Bach säin Trainerposten no knapp 2 Méint aus private Grënn huet missten opginn. Mir sinn awer houfreg fir séier e méi wéi adequaten Nofolger fonnt ze hunn. An zwar kënnt mam Josef Çinar den Ex-Trainer vun Eintracht Trier op Berbuerg.
 
Den 39 Joer aale Josef "Jupp" Çinar war vun 2018 bis 2023 Cheftrainer zu Tréier, wou hien 2022 de laang ersehnten Opstieg aus der Oberliga an d'Regionalliga feiere konnt. Als Spiller war hien och zu Tréier an der Ober- a Regionalliga aktiv, sou wéi och an der 3. Liga beim Chemnitzer FC a Wacker Burghausen.
 
Mir sinn iwwerzeegt dass eis mam Josef d'Missioun Klassenerhalt geléngt a freeën eis op d'Joer 2024. Mir wënschen dofir der Equipe an iech alleguer alles Gudds fir dat neit Joer!
 
Mir si Berbuerg!