Wiessel op der Trainerbänk


03 January 2023

De Comité vum FC Berdenia Berbourg deelt mat dass de Rainer Kraft mat effet immédiat de Posten vum Chefcoach vun eiser 1. Equipe iwwerhëllt. Mir begréissen domat en erfuerenen a villsäiteg verséierte Coach a freeën eis op d'Zesummenaarbescht fir d'Réckronn. Méi Infos zu senger Persoun ginn et an de kommenden Deeg op berdenia.lu.
 
De Roland Seitz verléisst de Veräin a Richtung Regionalliga Südwest bei den SGV Freiberg. Och säi Co-Trainer Martial Servais hällt op. Allebéid haten réicht virun der Saison gemeinsam eis 1. Equipe iwwerholl.
 
Mir soen dem Roland an dem Martial Merci fir hieren Asaz op sou wéi och niewt dem Terrain wou mir an deene puer Méint déi eng oder aaner flott Momenter zesummen haten!
 
#MIRsiBERBUERG
 
Foto: AFNL Sportmedia