Seniors 2: Ost-Derby mat Schéinheetsfehler


07 November 2019

FC Berdenia Berbourg II - Union Remich/Bous II 5-2

D'Gäscht vun der Musel ware liicht besser an de Match komm an hunn direkt héich ugegraff esou dass Berbourg huet misse mat laange Bäll no viir spillen. No der éischter Drangphase vu Remich/Bous si mier no gutt 10 Minutten awer besser an de Match komm. An der 14. Minutt gi mir dann och no engem Korner duerch e Goal vum Pol Petry mat 1-0 a Féirung. Kuerz drop, an der 18. Minutt, leet de Pit Speltz mat engem direkte, wann och ofgefälschte, Fräistouss den 2-0 no. De Géigner ass awer ëmmer rëm geféierlech bliwwen an hat och déi eng oder aaner Goalchance. An de Minutten 36 a 40 hu mir duerch Goaler vum Serge Guth an Yves Dahm nach virun der Paus schonn fir eng kleng Viirentscheedung gesuergt.

No der Paus hunn déi Orange allerdéngs fir déi éischt 20-25 Minutten komplett de Fuedem verluer an hunn dem Géigner sou eng ganz Reih Chancen erméiglecht. An der 55. Minutt kënnen si och op 4-1 verkierzen an an der 68. Minutt suguer op 4-2. Zu deem Zäitpunkt kënne mer vu Chance schwätzen dass si hier Goalchancen net alleguer ragemaach hunn, soss wier et hanneraus nach eng Kéier onnéideg spannend ginn. Sou kann den Amadu Candé an der 87. Minutt de Schlusspunkt zum 5-2 fir Berbourg setzen. Ennert dem Strech zwar verdéngten 3 Punkten, déi wichteg sinn fir an der Tabell weider uewen drunn ze bleiwen, allerdéngs mat engem onnéidegen Konzentratiounsooffall an enger kritescher Phase vum Match.

No enger klenger Paus fir ze récupéréieren geet et an zwou Wochen weider mam Match géint AS Luxembourg Porto II. Gespillt gëtt Dënsdes Owes den 19. November um 19h30 am Stade Boy Konen zu Zéisseng.

Mir si Berbuerg!