SENIORS 2: Batter défaite am Derby


23 April 2018

FC Berdenia Berbourg II - CS Grevenmacher II 4-7 
 - 
 No 5 Minutten huet Grevenmacher schon déi éischt Chance. Et ass awer déi Berbuerger Equipe déi an der 8. Minutt mat 1-0 a Féierung geet. De Manuel Kaufmann käppt e Fräistouss vum Max Schrantz eran. Direkt duerno dréckt Grevenmacher a kënnt och zu weidere Chancen. An der 12. Minutt geet de Stiermer iwwer lénks, éliminéiert mat engem Crochet eis Verteidegung a schéisst den 1-1 Ausgläich. An der 20. Minutt huet Maacher de Ball an der Mëtt, d'Pass kënnt genau op de Stiermer deen den 1-2 markéiert. 5 Minutte méi spéit kann Berbourg duerch e Goal vum Daniel Benner, op Viirbaarbescht vum Serge Hoscheid, ausgläichen. Direkt 2 Minutten drop, schéckt den Daniel Benner den Yves Dahm deen de Score rëm zu Gonschten vum FC Berdenia dréiht. 3-2 fir Berbourg. Kuerz virun der Paus dann den emgedréitenen Scenario. Als éischt kann den CSG ausgläichen (schnellt Spill iwwer lénks, Pass an d'Mëtt op de Stiermer, Goal), duerno mat 3-4 a Féierung goen (identesch Situatioun wéi beim Ausgläich), an dann och nach op 3-5 erhéichen (Schoss vun 30 Meter). 

Nodeems an der éischter Halschent Grevenmacher de Match dominéiert huet a vill Goaler gefall sinn, sollt déi zweet Halschent e bessen méi roueg ginn. No ronn 60 Minutten ginn déi zwee Maacher Fligelflitzer ausgewiesselt, déi eiser Ofwier vill ofverlaangt hunn. Berbourg kann awer nët dervun profiétieren. An der 75. Minutt kënnt rem eng Flank, dës Kéier vu riets, op de géigneresche Stiermer deen zum 3-6 erakäppt. E kuerzen Hoffnungsschimmer gëtt et an der 80. Minutt wéi den Yves Dahm e Fräistouss op de Potto käppt an den ageweisselten Charel Kremer de Score op 4-6 verkierze kann. De Schlusspunkt gëtt dann awer vu Grevenmaacher gesat, wou den 4-7 no engem herrlechen Duercherneeng an eiser Ofwier fällt. 

Eng verdéngte Victoire fir den CSG, dee säi Viirsprong op Berbourg kann op 5 Punkten ausbauen. Eis Equipe huet einfach ze vill Goaler zougelooss an ass aktuell op der drëttläschter Plaz. Déi kommend Matcher sinn décisiv fir de Klassenerhalt. 

Equipe: Sam Faber, Ben Ruppert, Max Schrantz, Manuel Kaufmann, Serge Hoscheid, Pit Chennaux, Daniel Benner (43. Charel Kremer), Mohammad Alizadeh (65. Jacques Scholtes), Wenzel Schommer, Yannick Freitas, Yves Dahm