SENIORS 1: Optakt mat 3 Punkten


25 August 2022

Eng Rei Spectateuren vum FC Berdenia Berbuerg hunn den Wee fir den éischten Spilldag zu Remleng fonnt. Hei hunn Sie déi éischt Véierelsstonn en ausgeglachene Match teschend béid Equippen gesinn. Berbuerg krut ëmmer méi Spillundeeler an huet sech an der 30. Minutt belount. No engem Foul virum 16 Meterraum mëscht den Makanda Jabez den fällegen Fräistouss direkt an den kurzen Eck eran. No engem Corner fir Berbuerg kläert Remleng d'Situatioun zunächst, mee eis Jongen erkämpft sech den Ball direkt zréck an et ass den Amara M'Bappe deen an der 37. Minutt den Ball ënnen lénks nieft den Remlenger Golkipp zum 0:2 eran mëscht.

An der zweeter Halbzeit huet Berbuerg säin Rhythmus bäibehalen an weider konzentréiert no fir gespillt. Sou koum et dass den Daniel Contrino an 66. Minutt en Fräistouss direkt am Goal konnt ënnerbréngen. Remleng huet sech gewiert an méi riskéiert wat den Match méi laang gedauert huet, sou dass eise Keeper och huet missen agräifen. Schlussendlech misst hien an der 5. Minutt vun der Noospilltzeit awer hannert sech gräifen, nodeems Remleng den Ball no engem Corner erakäppt. Kuerz dono huet den Arbitter den Match och ofgepaff.

Berbuerg huet den Match verdéngt gewonnen an ass mat 3 Punkten an déi nei Saison gestart.

Nächste Sonndeg geet et weider mam éischten Heemmatch géint Beetebuerg.

#MIRsiBERBUERG