Seniors 1: Op Plaz 4 an d'Wanterpaus 


02 December 2019

FC Berdenia Berbourg - FC Syra Mensdorf 4-1

De leschte Match vum Joer sollt net eisen einfachste ginn. Duerch de Schnéifall war den Terrain schwéier ze bespillen an déi Orange hu sech Ufanks schwéier gedoen. Eng ganz Reih Chancen hu mer ongenotzt gelooss, sou dass den Tabellenzweetleschten eis iwwerraschen an an der 34. Minutt mat hierem eenzege Goalschoss mat 0-1 a Féierung goen konnt. Ereicht no der Paus si mir an de Roulement komm a Menster huet kee Fouss méi op de Buedem kritt. Et ass net déi éischte Kéier dass mer eréicht an den zweete 45 Minutten voll do sinn an de Match maache kënnen. An enger knapper halwer Stonn, zweschent der 50. an der 80. Minutt, kënne mir de Match dréihen an eng dach nach souverän Victoire feieren. Duerch Goaler vum Ren Anda, Achmed Boussi, Moritz Habscheid an Hideyuki Kawamura gewanne mir um Enn mat 4-1. Symbolesch droen dës 4 Goalgetter sech an d'Lëscht vun de Scorer an, well sie déi ganz Viirronn als Aktivposten ofwiesselnd mat hiere Goaler ëmmer rëm fir gutt Resultater gesuergt hunn.

Domat sti mir an der Halschent vun der Saison verdéngt op enger exzellenter 4. Plaz an der Tabell, nëmmen 1 Punkt hannert dem Opstiegsaspirant CS Grevenmacher, deen mir Ufanks Oktober nach mat engem formidablen 4-2 rëm Heem geschéckt hunn. No klenge Startschwieregkeeten am Ufank vun der Saison mat 2 Néierlagen, huet d'Equipe vum Trainer Jorge Freitas zanter hier am Championnat kee Match méi verluer, ausser Enn Oktober géint Schëffléng déi dofir lo och net fir näischt als Tabelleleader do stinn. Mat 26 Punkten aus 13 Matcher mecht daat ganzer 2 Punkten pro Match, waat e super Schnëtt ass, deen eis quasi elo schonn de Klassenerhalt séchert (-> mat 26 Punkten wier een déi lescht Joren net aus der 1. Divisioun ofgestiegen). Trotzdeem gëllt et d'Réckronn net op déi liicht Schëller ze huelen a weider konzentréiert ze spillen a weider gutt Resultater ze maachen. Elo ass awer als éischt mol déi wuelverdéngte Wanterpaus ugesot, den 1. Mäerz geet et dann weider. Mir wenschen elo schonn jidderengem schéin an erhuelsam Feierdeeg. Mir si Berbuerg!