Seniors 1: Gutt Leeschtung gett net belount


27 August 2018

 Dei eischt Halschent war eischter onspektakulär, mat mei Ballbesetz fir Monnerech, mee dei Berbuerger stungen kompakt an hun just een Kappball an der 37.Minute zougeloss.

D’Heemequipe koum besser an dei 2.Halbzeit, an haaten eng gudd Chance an der 47.Minute, wou dem Stiermer sain Schoss an leeschter Sekonn vum Galle sengem Reck an de Korner konnt devieirt gin.

An der 50.Minute krutt dann Monnerech en Eelefmeter zougespraach, eisen Keeper hällt eis awer am Match an pleckt de gudd geschossen Elefmeter aus dem Eck.

Monnerech mecht weider Drock, kennt awer reischt an der 70.Minute zu der nächster Chance! Daat duerch en Schoss aus 11 Meter deen awer vum Aussepotto ofprallt.

2 weider Grousschancen vun der Heemequipe an der 73 an 76 Minute gin awer vum staark opgeluechten Sauber an eisem Goal pareiert.

Eis Jongen haaten dann an der 77 Minute dei eischt richteg Chance vum Match, mee dem Chalumeau sain Schoss geet knapp driwer.

An der 81 Minute kreien eis Jongen dann och en Eelefmeter, no foul um Chalmeau! Den Schulz trett un, mee de Keeper hällt!!

Kuerz virun Schluss bleift Monnerch rem um Sauber hänken, an dem Weidert sain Schoss kann vun der Linn gekrazt gin.

Leider konnten eis Jongen den 0-0 net iwert Zait brengen! An der Nospillzait kennen dei Monnerecher vun riets ranflanken an duerch en scheinen Dropkick mat 1-0 an Feierung goen.

Duerch eng Onsportlechkeet kritt en Monnerecher kurz virum Schlusspeff nach eng roud Kaart.

Domat starten mer mat enger Niederlaach an dei nei Saison an belounen eisen Asaatz net.

Equipe: Sauber, Lopes, Weidert, Galle, Galletto, Diop, Schulz, Habscheid, Maurer, Contrino, Chalmeau

Reserve: Reuter, Baskewitch, Dahm, Schuster, Stein