SENIORS 1: Derbysieger bei UMW


31 August 2021

Union Mertert-Wasserbillig - FC Berdenia Berbourg 2-3
 
Am Derby ass eis Berbuerger Equipe laang net an de Match komm. Net genuch Asaz an eng ganz Reih Fehlpäss a Ballverloschter hunn derzou gefouert dass mer schonn an der 15. Minutt mat 1-0 a Réckstand gerode sinn. Vereenzelt Chancen hu mer awer och, sou wei an der 20. (Fräistouss Georgy Courbera), 30. (Wäitschoss Moritz Habscheid) a 35. Minutt (Schoss aus kuerzer Distanz vum Adriano Ferraz). Kuerz drop kreie mer awer den 2-0 geschoss, mee mir kennen nach viirun der Paus äntweren. De Fortune Katalay mecht e Solo iwwert den halwen Terrain a setzt e Lob iwwert de Keeper zum 2-1 Pausestand eran.
 
Dei zweet Halschent war net besser lass gaang fir eis Faarwen, an och de Geigner huet spilleresch e bessen nogelooss. Net vill nennenswäert Aktiounen bis mer den Ausgläich an der 82. Minutt maachen, mat engem gudden Ugreff iwwer dei lénks Säit deen den Rayan Rafdy vollende kann. Am Géigenzuch brennt et hannendrann an de Kostas Karakostas hällt e Stramme Schoss mat enger Glanzparade op der Linn.
 
Zum Schluss kennt dann awer nach bessen Derbystëmmung op, Belleg dréckt, mir probéieren ze konteren, de Match ass lo komplett op. An der 89. Minutt gelengt eis de Féirungstreffer no engem Konter vum Rayan Rafdy deen de Georgy Courbera kann an de Filet setzen. Kuerz drop ass et rem eise Keeper Karakostas deen eis mat enger exzellenter Parade helleft. An och nach eng Keier an 97. Minutt wéi de Kostas e Penalty paréiert a mir sou eng besse glécklech Derbyvictoire feiere kënnen.
 
DERBYSIEGER, DERBYSIEGER, HEY, HEY!!!
 
Eng flott Momentopnahm an der Tabelle wou mir aktuell mat 6 Punkten op der 5. Plaz leien.
 
E Sonndeg geet et dann mam Heemmatch géint den FC Mondercange (3. Plaz, 7 Punkten) weider, wéi gewinnt um 16h00 am Stade Renert.
 
#MIRsiBERBUERG