Nullnummer zu Mamer


28 November 2022

FC Mamer 32 - FC Berdenia Berbourg 0-0
 
Am leschten Auswäertsmatch vum Joer kommen eis Bären zu Mamer net iwwert en 0-0 Gläichspill raus. Op engem rutschegen Terrain hunn d'Zuschauer keen extra gudde Match gesinn. Béid Equippen stounge gréisstendeels gutt gestaffelt, hunn awer phaseweis zimmlech lethargesch agéiert. Wéineg Spillfloss a wéineg Goalchancen op béide Säiten rechtfertegen dës Nullnummer. Och wa mir als Tabelleleader dohi gefuer sinn an den FC Marisca Miersch eis dëse Spilldag konnt iwwerhuelen, musse mir um Enn mat deem enge Punkt zefridde sinn.
 
Weider geet et schonn e Mëttwoch Owend um 20h30 zu Berbuerg an der Street Wheels Arena mam Match géint den FC 95 Schifflange, dee sech punktgläich op der 3. Plaz a Lauerstellung befënnt.
 
Eis zweet Equipe huet leschte Freideg an engem gudde Match mat 2-1 géint d'Entente Mondorf-Schengen gewonnen a konnt sech domat 3 wichteg Punkte sëcheren, dëst duerch 2 Goaler vun eisem Routinier Pit Speltz. E Freideg steet dann de leschte Spilldag vun der Reserve-Viirronn um Programm wa mir doheem den zweeten UN Käerjeng um 20h00 empfänken.
 
PARTY ON heescht et dann och e Freideg op eisem Glühbär, deen et net ze verpasse gëllt! Kommt laanscht a glüht all mat! FC Berdenia Berbourg - Glühbär
 
#MIRsiBERBUERG