MATCHDAY


05 September 2021

FC Berdenia Berbourg - FC Mondercange
 
um Sonndeg Mëtteg um 16h00 am Stade Renert
 
No 2 Victoiren um Stéck, kënne mir haut mat enger gewësser Portioun Selbstvertrauen doheem géint den FC Mondercange untrieden. Monnerech läit aktuell op der 3. Plaz an domat just 1 Pinktchen virun eis. Firwat de Géigner haut net e bësse rose maachen ;-)
 
De Match fënnt wéi gewinnt ënnert dem Covid-Check Regime statt (geimpft, gesond oder gestest). Déi Leit, déi e Schnelltest maache mussen/wëllen, si gebieden selwer een matzebréngen a sur place ze maachen. Merci fir de Versteesdemech!

Ween haut net an de Stade Renert komme kann, huet d'Méiglechkeet eise Match och per Livestream an der RTL Live Arena op rtl.lu (oder Kanal 93 op Post TV) ze verfolgen.
 
#MIRsiBERBUERG