Mam Bus op de Match - reservéiert elo är Plaz


07 September 2018

Fir de Coupematch e Sonndeg zu Klierf gëtt e Bus vu Berbourg aus organiséiert. Niewt de Spiller sinn och nach e puer Plazen fir eis Supporter fräi. Ween sech eng Plaz Aller-Retour fir 10 Euro well sécheren, soll séier e Message op +352 691 662 410 schécken mat den Nimm vun de Leit déi wëlle matfueren. D'Plaze si limitéiert, déi Eischt si vir. Den Départ zu Berbourg ass um 13h00 beim Terrain, de retour ca. eng hallef Stonn nom Match.