Knapp Néierlag géint den Tabelleleader


08 November 2021

FC Berdenia Berbourg - U.N. Käerjeng 2-3
 
Um Dag no eisem Mullenowend hate mir den Tabelleleader vu Käerjeng zu Berbuerg op Besuch. Eis Bären hate sech awer viirgeholl fir de Géigner, dee bis lo am Championnat nach ongeschloen ass an de beschten Ugrëff an der Eirepromotioun huet, e bësse rosen ze maachen.
 
Vun Ufanks un stoung Käerjeng gutt gestaffelt a war gutt organiséiert. Berbuerg huet och seng Spillundeeler a kënnt zu Chancenusäz. An der 15. Minutt ass et awer de Géigner deen de Score opmecht. Eng Flank vu lénks gëtt um zweete Potto mam Kapp zréck an d'Mëtt geluecht wou de fräie Stiermer de Ball ouni Problemer virum Kostas kann an de Filet erasetzen. Et ass e Match op Aaenhéicht. Käerjeng mecht zwar säi Match, mecht awer net méi wéi néideg ass. A Berbuerg brauch sech net ze vestoppen, huet awer déi eng oder aaner Kéier ze vill gezéckt oder war ze ongenau. An der 57. Minutt léisst de Jakub Jarecki eng Riesechance fir eis Faarwen ongenotzt. Am 16er fällt him en Ofpraller virun d'Féiss, trëfft awer nëmmen de Potto. A sou ass et an der 69. a 84. Minutt wéi zwou gutt gespillte Kombinatiounen vum Géigner an d'Passivitéit vun eiser Ofwier zu zwee weidere Goaler an zum 0-3 Tëschestand gefouert hunn. De Match war awer nach nët riwwer. An der 89. Minutt kommen d'Bären zum Uschlosstreffer duerch den Daniel Contrino. De Schlusspunkt vum Match setzt awer de Moritz Habscheid an der 92. Minutt mat engem wonnerbaren Distanzschoss an d'Kräiz (op der Foto erkënnt een wéi de Ball hannert dem Keeper an d'Netz geet!). Et sollt awer nët méi duergoen fir dem Tabellenéischten nach e Punkt ofzeknäppen, sou dass mir um Enn ganz knapp mat 2-3 verléieren.
 
D'Schlussphase vun der Viirronn gëtt lo agelaut. Et bleiwen nach 4 Matcher ze spillen, woubäi et 3 mol géint eng Equipe geet déi hannert eis an der Tabell steet. Elo gëllt et also nach fläisseg ze punkten, am beschte schonn nächste Weekend zu Schëffleng. Opgepasst: Wéinst dem Lännermatch, ass eise Match Samschdes Owes um 18h00!
 
E Freideg spillt eis zweet Equipe um 20h00 doheem géint CS Sanem.
 
Kommt eis Equippen am Endspurt ënnerstëtzen.
 
#MIRsiBERBUERG