Heemdefaite fir den Oofschloss


12 December 2022

FC Berdenia Berbourg - FC Jeunesse Schieren 1-2
 
Fir den Oofschloss vun der Hirronn bréngen eis Bären et net fäerdeg fir doheem géint den Tabelleleschten ze punkten. No engem 0-2 Réckstand, kann dem Lewis Long säin Uschlosstreffer an der Nospillzäit näischt méi un der Defaite änneren. Schieren gewënnt domat säin zweete Match vun der Saison a mir verléieren eisen drëtten Heemmatch dës Saison. 
 
Mee trotzdeem sti mir no der éischter Hallefsaison mat 27 Punkten op enger exzellenter 4. Plaz an der Tabell vun der Eirepromotioun, also op enger Barrageplaz fir rop an d'BGL Ligue. Och wann d'Saison nach laang ass, konnte mir duerch e gudde Start phaseweis suguer un der Tabellespëtzt stoen, mee duerch déi fehlend Konstanz hu mir zum Schluss hinn missten e puer Fiedere loossen. Egal wéi, et ass eng historesch Momentopnahm an dorop kann d'Equipe an de ganze Veräin stolz sinn.
 
Lo geet et an déi verdéngte Wanterpaus, Batterien oplueden fir am neie Joer rëm unzegräifen. De Réckronnestart ass den 12. Februar beim SC Bettembourg. Als Highlights um Programm fir d'Joer 2023 stinn ausserdeem nach d'Aachtelsfinall vun der Coupe de Luxembourg, den 12. Abrëll géint den Titelverdeedeger Racing FC Union Luxembourg souwéi och de 75ten anniversaire vum Veräin mat e puer extra Events. Méi zu alledeem gi dir Ufanks vum Joer gewuer!
 
#MIRsiBERBUERG