Glühbär olé olé


05 December 2022

FC Berdenia Berbourg - FC Atert Bissen 3-2
 
Um Glühbärsonndeg hu mir den Tabellenzweetleschte vu Biissen empfaangen. Aanescht wéi an der Tabell, huet een um Terrain awer net direkt en Ennerscheed tëschent béiden Equippe gemierkt. Op béide Säiten ass de Match mat engem gudden Tempo ugaangen. Ausserdeem vill Gerutschs an eng Reih Goalchancen. Et waren dann och d'Gäscht déi schonn an der 9. Minutt op e laange Ball hinn konnten mat 0-1 a Féirung goen. Eis Bären hunn de Match awer a kierzester Zäit rëm gedréiht, duerch zwee Goaler vum Lewis Long, jeeweils no enger Flank vum Jannik Grün (12. & 16. Minutt). An der 32. Minutt war et dem Lewis Long seng Pass an d'Mëtt déi den Amara M'Bappé konnt zum 3-1 verwandelen. Duerno flaacht de Match e bëssen of. An der zweeter Halschent war ausser enger giel-rouder Kaart fir Bissen an de Schlussminutten an der Präsenz vum duuschtrege Kleeschen, just de Géigegoal an der 53. Minutt per direkte Fräistouss zum 3-2 Endresultat déi eenzeg nenneswert Aktioun.
 
Eis 2. Equipe war um Glühbärfreideg géint UN Käerjeng ugetrueden. De Match huet awer missten no knapp 20 Minutten oofgebrach ginn no enger onglécklecher Aktioun mam Arbitter. Op dëser Plaz wënschen mir dem Hans Loetsch nach eng Kéier eng gutt Besserung! D'zweet Equipe ass domat an der Wanterpaus a steet mat 11 Punkten op der 9. Plaz an der Tabell!
 
Fir eis éischte Equipe gëtt et nächste Sonndeg nach e leschte Rendez-Vous fir eis Los Wochos oofzeschléissen, wa mir den Tabelleleschten FC Jeunesse Schieren um 15h00 bei eis an der Street Wheels Arena empfänken.
 
#MIRsiBERBUERG