Doppelmissioun um Sonndeg


21 January 2019

Um Sonndeg Mëtteg war eis Seniorséquipe direkt zweemol am Asaz. Zu Berbuerg um Terrain war um 16h00 en Testmatch géint den Daring Echternach. Endresultat 3-3. Goaler duerch 2x Philipp Galle an 1x Rayan Rafdy.

Um 17h30 ass et duerno zu Consdorf an der Hal em d'Plazen 1 bis 4 vum Askal Cup gaangen. Nodeems d'Jongen sech e Freideg den Owend zesummen mam USBC I géint den FC Nörtzingen an USBC II duerchsetze konnten, ass et e Sonndeg em déi iewescht Plaze gaangen. Géint USBC I, déi hiren Tournoi selwer gewonnen hunn, den FC Jeunesse Junglinster an d'Etoile Sportive Clemency ass et awer nëmme fir  1 Punkt an domat déi 4. Plaz duergaangen.