Derbypunkten bleiwen all zu Berbuerg!


21 February 2022

FC Berdenia Berbourg - Union Mertert-Wasserbillig 2-1
 
No der Wanterpaus an den intensiven Coronawochen, war et dee laang ersehnten Derby an der Eirepromotioun wou mir um Pabeier u sech d'Favoritteroll haten. Allerdengs ass gewosst dass daat an engem Derby net ëmmer sou muss sinn wéi et schéngt, a sou huet et och laang no enger Iwwerraschung ausgesinn, beviir zwee vun eisen ex-UMW-Spiller de Match spéit zu eise Gonschte gedréiht hunn.
 
Déi gutt 300 Zuschauer hu bei richtegem Derbywieder op engem déiwen a rutschegen Terrain als éischt eng dynamesch UMW gesinn déi Ufanks méi vum Match an och eng Reih gutt Goalchancen hat. Eis orange Bären waren trotz vereenzelter Chancen, ënner aanerem vum Moritz Habscheid, déi éischt Halschent net richteg am Match. A sou huet d'Gaaschtéquipe vun der Berbuerger Passivitéit an der Defensiv profitéiert fir kuerz virun der Paus den 0-1 ze maachen.
 
Déi zweet Halschent ass d'UMW awer dunn agebrach a Berbuerg ass ëmmer méi staark ginn an huet sech mat enge sëllege Viirstéiss lues a lues a Richtung Goal geschafft. An der 77. Minutt war et dann souwäit. De Vince Scholl kann en Aworf vum Yannick Da Graca gutt verwäerten a kënnt am 16er zum Schoss, deen nach vum Keeper paréiert gëtt. Den Ofpraller land beim agewiesselten Cyril Wagner deen de Ball aus kuerzer Distanz mam Kapp iwwert d'Linn dréckt. De Stade Renert war aus dem Häischen. Eis Bären hunn hannendran lo näischt méi ubrenne gelooss a viirdran d'Entscheedung gesicht. No enger rouder Kaart géint UMW an der 90. Minutt, kann den agewiesselten Daniel Contrino eng Minutt méi spéit vum Zesummespill vu Moritz Habscheid a Kossivi Amededjisso profitéieren fir den 2-1 Schlusstreffer fir eis Faarwen ze markéieren. De Stade Renert war lo komplett aus dem Häischen an huet mat der Equipe dei verdéngte Derbyvictoire gefeiert.
 
Während et fir eis Noperen vu Mertert-Wasserbillig ganz enk am Ofstiegskampf gëtt, kann den FC Berdenia seng Positioun mat 27 Punkten am Tabellemëttelfeld festegen.
 
Op Fuessonndeg geet et nächste Weekend géint den Opstiegsaspirant FC Mondercange, deen aktuell mat 36 Punkten op der zweeter Plaz steet. Fir eis zweet Equipe geet et schonn e Freideg doheem géint d'Reserven vum selweschten FC Mondercange, nodeems den Derby géint d'Reserven vun Union Mertert-Wasserbillig leider weinst dem Wieder huet missten ofgesot ginn.
 
#MIRsiBERBUERG!