Cyril Wagner bleift zu Berbuerg


09 June 2020

Den 20-jährege Cyril Wagner bleift eis fir eng weider Saison erhalen. An der leschter Wanterpaus war de Cyril schonn vun Union Mertert-Wasserbillig bei eis ausgeléint ginn. De jonken offensive Mëttelfeldspiller, deen am beschten op enger Bande spillt, wäert eis hoffentlech nach vill Freed virum géigneresche Goal bereeden. Weider sou, Cyril!

Mir si Berbuerg!