Batter(kaal) Néierlag zu Esch


29 November 2021

US Esch/Alzette - FC Berdenia Berbourg 4-2

Bei kaalen Temperaturen konnte mer leider net den drëtte Match hannerteneeng gewannen. Dei Berbuerger waren Ufanks awer gudd an de Match komm an haaten alles am Grëff. An der 3. Minutt zervéiert de Fortune Katalay de Jakub Jarecki, deen ouni Problemer kann den 0-1 markéieren. D’US Esch war alles aanescht wéi geschockt an huet sech méi a méi Chancen erausgespillt. Duerch e gléckleche Goal an der 37. Minutt, dee vum Linienriichter ugewise ginn ass, geet et mat 1-1 aus d’Paus.

Och an der zweeter Halschent huet d’US Esch méi Spillundeeler an och méi Goalchancen. An der 60. Minutt geet d’Heeméquipe dann och net onverdéngt mat 2-1 a Féirung. Berbuerg stellt ëm a spillt elo méi offensiv, leider ouni Zielbares. No engem Fehler am Mettelfeld gi mer an der 75. Minutt mam 3-1 bestrooft. Obwuel de Glady Ntikala kuerz drop mat giel/rout vum Stéck muss, komme mer duerch de Vince Scholl an der 85. Minutt nach eng Kéier op 3-2 run. D’Berbuerger setzen an de Schlussminutten alles op eng Kaart a geheien alles no viir. Dëst gëtt allerdéngs an der Nospillzäit mam 4-2 bestrooft.

Mir verléieren domat 4-2 bei der US Esch déi wichteg Punkten géint den Ofstieg huelen.

De Fokus fir eis läit elo um leschte Match géint Mamer, e Sonndeg um 16h00 doheem am Stade Renert.

Dee Weekend drop fënnt eise GLÜHBÄÄÄR am Stade Renert statt. Freides, den 10.12 Xmas Afterwork Party ab 17h00 a Samschdes, den 11.12 Chrëschtstëmmung ab 11h00. Fir Gedrénks, Iessen, gutt Stëmmung an originell Chrëschtcadeau'en ass gesuergt! Kommt bis laanscht!

#MIRsiBERBUERG