Auslousung Coupe de Luxembourg


10 September 2018

AS JEUNESSE ESCH KENNT OP BERBUERG !!!

 Den aktuellen Tabelleleader an der BGL Ligue a lëtzebuerger Rekordmeeschter ass gezunn ginn fir an der Coupe géint den FC Berdenia Berbourg ze spillen. Dëse flotte Match vun der Coupe de Luxembourg fënnt Sonndes, den 23. September um 16h00 am Stade Renert statt.

Och fir d'Seniors Reserves war den Owend den Tirage vum nächsten Tour an der Coupe des Reserves. Eis zweet Equipe spillt auswäerts bei Marisca Mersch. De Match ass am Prinzip Freides Owes, den 21. September.

Orange Bär, huel se!