Au tour de Berbourg de mener la danse


17 October 2022

FC Berdenia Berbourg - Blo-Wäiss Medernach 2-1
 
Direkt no 3 Minutten kënne mir duerch e Kappball vum Finn Modler, op eng Botterflank vum Houssam Ait-Said hinn, a Féirung goen. Kuerz drop hätte mer suguer nach missten noleen, mee de Lewis Long an duerno den M'Bappé Amara aus kuerzer Distanz bleiwen allenzwee um Keeper hänken. No enger gudder Ufanksphase ass Miedernach duerno awer ëmmer besser an de Match komm an hat och déi eng oder aaner gutt Geleegenheet virun eisem Goal. Mir waren virun allem op Konter geféierlech.
 
No der Paus war et méi en zéihe Match mat vereenzelte Chancen, ënner aanerem en Distanzschoss an der 50. Minutt aus gutt 40 Meter deen eise Kostas nach in extremis kann iwwert d'Lat déviéieren. No engem géigneresche Fräistouss an der 69. Minutt fiert de Petar Perkovic am Zesummespill mam Houssam Ait-Said op eneits e schnelle Konter a mecht säin éischte Goal am Berbuerger Trikot. An der Nospillzäit geléngt Blo-Wäiss Medernach nach den 2-1 Uschlosstreffer mee dee sollt awer näischt méi un den 3 Puntke fir eis Bären änneren. Duerch e bessert Goalverhältnis si mir lo mat 17 Punkten Tabelleleader vun der Eirepromotioun.
 
#MIRsiBERBUERG