Seniors 1: Eischt Gläichspill fir dës Saison


18 November 2018

Red Black Egalité Pfaffenthal-Weimerskirch - FC Berdenia Berbourg 1-1

 Am Duell géint den Tabellennoper ass et an der Ufanksphase en ausgeglachene Match wou et vill hin an hier geet. Berbourg huet zwou gutt Chancen duerch den Daniel Contrino an de Kylian Chalumeau. An der 25. Minutt gi mir a Féierung duerch den Daniel Contrino, nodeems e laange Ball an de 16er kënnt, de Goalgetter dësen schéin ze verschaffe weess a mat lénks am laangen Eck versenkt. Lo sinn déi Orange um Drücker a kennen sech mat e puer schéine Kombinatiounen ëmmer rëm no viir spillen. Zum Schluss vun der Halschent ginn awer och d'Gastgeber aus dem Pafendall, déi an der éischter Halschent just eng richteg Chance konnte fir sech verbuchen, méi aktiv ouni awer geféierlech ze ginn.

Nom Téi ass et dann méi en hektesche Match. Op Berbuerger Säit ginn et lo vill Fehlpassen an et gëtt haaptsächlech mat laange Bäll no viir gespillt. De Pafendall ass lo besser am Match, kennt awer nach wie vor net zu Goalchancen. Bis op déi 60. Minutt, wéi de Géigner duerch e Fräistouss, deen net gutt verteidegt ginn ass, ausgläiche kann. 1-1. Zum Schluss hin schwëmmt déi Berbuerger Defensiv an d'Heeméquipe ass duerch eng ganz Reih Fräistéiss a Korneren geféierlech, mee et sollt dann awer beim leeschtungsgerechten 1-1 bleiwen.

Et bleift nach ze erwähnen dass virum Match den Trainer Jorge Freitas an déi Verantwortlech vum FC Berdenia Merci gesot kritt hunn fir hieren Asaz déi läscht Saison wéi e Spiller vum Pafendall sech verletzt huet a missten mam Helikopter an d'Klinik geflunn ginn. Mir soen och Merci fir dëse Geste!