Pascal Bach neie Chefcoach


26 October 2023

Nodeems eise Cheftrainer Lars Schäfer zesumme mam Co-Trainer Pierre Hoffmann no der 1-6 Defaite zu Hueschtert hier Demissioun ginn haten, huet deen aaneren Co-Trainer Michel Stoll den Interim assuréiert.
 
De Veräin huet elo d'Freed fir matzedeelen dass ab dëser Woch de Pascal Bach als neie Cheftrainer mat der Equipe schafft. Assistéiert gëtt hien vum Mich als Co-Trainer a vum Daniel als Keepertrainer.
 
De Pascal ass 42 Joer aal, kënnt heiviir aus dem Saarland, huet Sportspedagogik studéiert a steet kuerz virum Ofschloss vum Uefa Pro Schäin. Hien war enner aanerem Co-Trainer zu Elversberg an Homburg an der Regionalliga souwei Trainer vun der U19 vum SV Eintracht Trier.
 
Mir heeschen de Pascal häerzlech wëllkomm an eiser Bärefamill a wënschen him an eis all dass mir d'Kéier kréien an an de nächste Matcher déi néideg Punkte sammelen.
 
E Sonndeg ass en éischten Testmatch géint den FC Victoria Rosport (Terrain Rosport um 15h15). Dee Weekend drop ass dann de wichtegen Derbymatch doheem géint den CS Grevenmacher.
 
#MIRsiBERBUERG