Barragematch PH/D1
27th May 2026
FC Berdenia Berbourg

⚽ BARRAGEMATCH PH/D1 ⚽
Dënschdeg, den 2. Juni um 19h30 fënnt an der Street Wheels Arena zu Berbuerg de Barragematch tëscht dem CS Grevenmacher an dem FC Koeppchen statt.
Kommt laanscht an erliewt e spannende Match👏⚽
🍔Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt
📅 2. Juni 2026
🕢 Ustouss: 19h30
📍Berbuerg Street Wheels Arena
CS Gréiwemaacher - FC Koeppchen
‼️ Wichteg Informatiounen
Upëff vum Ostderby ass um 19h30, d'Entrée ass ab 17h30 op!
Et ass mat villen Zuschauer ze rechnen, dofir kommt mat Zäiten - fir ärt Owesiessen ass gesuergt! Parkinger sinn ausgeschëldert a fuert w.e.g. den Uweisungen vun eise Parklotsen no!
Loosst Busparkplazen w.e.g. fir d'Busser vun deenen 2 Veräiner fräi.
Et gëtt e Bongen- a Pfandsystem um Site, mat der Méiglechkeet fir nom Match alles an der Sortie zréckfzeginn. Op bal all Eck vum Terrain ass eng Bongekeess, Grill, Comptoir an Toiletten (cf. Plang vun der Street Wheels Arena)
FLF Offizieller sou wéi och d'Press hu reservéiert Parkplazen direkt bei der Entrée (Afahrt laanscht d'Schoul erop)
Am Viirfeld bieden mir all d'Fans ëm de néidege Fairplay op a rondrëm de Site! Op e flotten Match 🧡🖤


