Programmännerungen fir e Sonndeg 28. Mee


23 May 2023

Wéinst dem Barragematch FC Luxembourg City (PH) - FC Koeppchen Wormeldange (D1) deen e Sonndeg um 19h00 zu Berbuerg gespillt gëtt, deelt de Veräin folgend Programmännerungen fir Sonndes den 28. Mee mat:
 
* Während dem Kilometermaart bleift de Grill an de Gedrénksstand beim Terrain komplett zou. Den FC Berdenia ass awer natierlech mat engem Stand um Maart vertrueden wou mir eis Cuvée 75. Anniversaire ubidden. Fir Iessen an Drénken biede mir Iech bei déi aaner Veräiner un de Stand ze goen.
 
* De Koubingo "Berbuerger Duerfbeschass", deen fir 18h00 um Terrain geplangt war, gëtt op e Freideg 2. Juni 18h00 geréckelt. Dir hudd also nach méi Zäit fir äer Felder ze reservéieren a bis zu 3.125 Euro ze gewannen. Mellt iech bei de Memberen vum Veräin.
 
* De Barragematch gëtt um 19h00 ugepaff. Et gëtt mat villen Zuschauer gerechent. D'Entréeskeess ass ab 17h00 op. Speziell Plazen fir ze parken wäerten ausgeschëldert sinn. Méi genee Informatiounen kommen nach no.
 
#MIRsiBERBUERG