Bal wéi fréier


13 May 2023

Am Kader vu sengem 75. Anniversaire invitéiert den FC Berdenia Berbourg op säi BAL WÉI FRÉIER mat de Providers an Hunnegstrëpp fir un déi legandär Zäiten vun deenen "décke Baler" am Beaurepaire unzeknäppen. Vill Gedrécks, eng Aafenhëtzt a Cola-Wäin à gogo... ween deemols op deene sëllege Baler mat derbäi war (wéi z.B. Heeki Kneeki, Fussballsbal, King Kong's Bal, Primanerbaler, etc. etc.) weess waat daat heescht. Dofir kommt alleguer a loosst eis deen Owend dëst Gefill nach eng Kéier zesummen erliewen.
 
Entrée ab 19h00
Hunnegstrëpp ab ca. 21h00
Providers ab ca. 23h00
 
Fir Iessen an Drénken ass natierlech beschtens gesuergt.
Navettepläng vum Late-Night-Bus ginn et ab 2 Wochen viirdrun op latenightbus.lu
 
Ticket'en ginn et am Viirverkaf fir 10 Euro beim FC Berdenia Berbourg an am Café beim Beichtstull oder an der Oweskeess fir 15 Euro. Wéi et deemols och üblech war, hëllt een mat der Nummer vum Entréesticket automatesch un enger Tombola Deel wou et flott Präisser ze gewanne gëtt!
 
!!! Fir déi ganz motivéiert ass deen Dag drop nach eng Afterparty am Kader vun de Gemengewalen mat Apero a Gegrills ab 11h00 am Schoulhaff !!!

bal_wei_freier_plakat.jpg