FC Berdenia Generalversammlung 2021


29 September 2021

En Dënschdeg, den 28. September ass d’Generalversammlung vum FC Berdenia Berbourg fir déi ofgelafe Saison 2020-2021 zu Berbuerg am Beaurepaire gehaale ginn – natierlech ënnert dem Covid-Check Regime.

De President Raoul Schummer huet d’Versammlung opgemaach an eng Reih Merci’en un all d’Equippen, d’Sponsoren, d’Gemenge Manternach a Bech souwéi un all d’Memberen a Sympathisanten vum Veräin ausgeschwat fir hier Ënnerstëtzung an dëser dach ongewéinlecher Covid-Zäit. D’Saison 2020-2021 war jo op eneits ofgebrach ginn a souwuel um Terrain wéi och bei den aussersportlechen Aktivitéiten si vill geplangten Terminer ausgefall. Déi fräi Zait gouf awer genotzt fir aner Eventer ze organiséieren wéi z.B. eisen Ierzebulli, de Flieten Drive-In oder och nach den Gin Verkaf. Et gouf eng konkurrenzfäheg Equipe geformt an op der Sponsoringsäit gouf vill a gutt geschafft. Den Effekt vun der Eirepromotioun ass awer och op eise soziale Medien an op eiser Homepage spierbar, wou eise Veräin vermehrt wouer geholl gëtt.

Duerno huet de Sekretär Raymond Lahr säin Tätegkeetsbericht viirgedroen, wou virun allem déi vill Ausfäll bei de Manifestatiounen opgefall sinn. De Caissier Stephen Atkinson huet a sengem Finanzbericht vun enger stabiler finanzieller Lag vum Veräin geschwat, an och op eng Reih aussergewéinlech Covid-bedéngte Subsiden higewisen. Ënnert dem Strech stoung dann awer e klenge Minus fir den Exercice 2020-2021 an de Bicher woubäi de Budget fir 2021/2022 rëm équilibréiert wäert sinn.

Bei der Jugend gi mir lo an déi 7. Saison als Entente mat Grevenmacher a Biwer. Iwwer 250 Kanner spillen do an allen Alterskategorien, wouvun den FC Berdenia ronn 60 Aktiver zielt. D’Jugendentente steet fir Konstanz, Stabilitéit an e roude Fuedem um fussballeresche Plang waat sech och um wuessenden Zoulaf virun allem an den ënnerschte Kategorien bemierkbar mecht.

Nom Réckbleck an Ausbléck vun eise Seniorstraineren, heescht de Veräin zwee nei Comitésmemberen, den Dieter Scholl an de Martin Conzemius, häerzlech wëllkomm. D’Assemblée huet dofir och extra enger Statutenännerung zougestëmmt fir déi maximal Unzuel vu Comitésmemberen vu 15 op 19 eropzesetzen.

No der Ried vum Buergermeeschter, deen déi gutt Zesummenaarbescht mam Veräin an de sportlech positiven Trend gelueft huet, ass de Marc Kubica (ë.a. ehemoolege Spiller, Trainer, Comitésmember, President an zënter bal 50 Joer am Veräin) offiziell zum Eirepresident vum FC Berdenia Berbourg ernannt ginn.

D’Generalversammlung ass wéi gewinnt bei eng engem klenge Maufel an engem Patt ausklenge gelooss ginn.

Comité 2021-2022: Atkinson Stephen, Bamberg Christian, Cajao Gil, Conzemius Martin, François Laurent, Hoffmann Claude, Hubert Tom, Lahr Raymond, Leruth Fränz, Raths Max, Saeul Änder, Scholl Dieter, Schrantz Max, Schummer Raoul, Wampach Carlo, Wampach Daniel  
 
Mir si Berbuerg!