Transfert News: Leandro Lopes
09 June 2021
De Leandro Lopes verlängert fir weider 3 Joer zu Berbuerg. Hien ass de Beweis dass eis Jugendaarbescht och seng Friichten droë kann wann een éiergäizeg um Ball bleift. De Leo huet sech zu Berbuerg vum jonke Jugendspiller duerch all d'Alterskategorien bis hinn zum Stammspiller an der éischter Equipe an der Eirepromotioun entwéckelt. Eng super Leeschtung déi mir him héich urechnen a wourop mir als Veräin natierlech extra houfreg sinn.
Weider sou, Leo!
Mir si Berbuerg!