Seniors 2: Dräi Punkten verschenkt


02 October 2018

AS Rupensia Larochette II - FC Berdenia Berbourg II 2-1

Et ass eng batter an onnéideg Néierlag wann een no 22 Sekonnen schon 1-0 hannen ass beim eegenem Ustouss. Mir loossen de Géigener ëmmer ze einfach Goaler schéissen. Mangel un Konzentration, aanescht kann een sou ee Goal net kasséieren. Dunn huet Equipe esou wei ëmmer den Match an Hand geholl a sech eng Rei Chancen erausgespillt awer ouni Goal bis an d'Halbzeit ze machen.

No der Paus hu mir weider Drock gemaach an hunn an der 57. min den Ausgläich geschoss duerch de Fynn Falkenau. Mir hu weider probéiert den 2. Goal nozeleeën, et huet een awer gemierkt dass der Equipe esou lues d'Kraaft ausgaang ass. Du hu mer an der 76. min op een Konter hinn den 2-1 geschoss kritt, rem duerch e Stellungsfehler an der Ofwier. Zum Schluss hu mir nach eng Kéier alles probéiert an nach 2 grouss Chancen erausgespillt awer net déi néideg Réussite gehat. Den Arbitter huet 5 min nospillen gelooss an do haten mir an der 4. min eng 100% do leien, mee mir hunn de Ball awer net vun 10 Meter eleng virum Keeper eran kritt. Sou bleift et beim 2-1 fir d'Fiels