Communiqué de presse: Affaire Beles-Berbourg
20th April 2026
FC Berdenia Berbourg
De Match tëscht Bieles a Berbourg gëtt dëse Mëttwoch nei gespillt, obwuel d’Cour d’appel vun der FLF eréischt en Donneschdeg iwwer dësen Dossier decidéiert. Den FC Berdenia Berbourg kritiséiert dës Virgoensweis a wäert de Match ënner formellem Protest spillen.
De Match gouf de 4. Abrëll schon eemol gespillt. An der 86. Minutt stoung et säit ronn 30 Minutten 0-1 zu Gonschte vu Berbuerg. An dëser 86. Minutt krut e Spiller vu Bieles eng giel-rout Kaart, obwuel hien nach keng giel Kaart hat. De Berbuerger Kapitän huet den Arbitter direkt drop higewisen, dass dëst net richteg wier. Den Arbitter huet sech awer drop behaapt, dass seng Entscheedung korrekt wier. Et huet sech deemno dobäi em eng Tatsaachenentscheedung am Laf vum Match gehandelt, déi net däerf a kann ugefecht ginn. Nom Match huet den Arbitter dëse Mëssel och zouginn.
Bieles huet doropshi Protest ageluecht a krut vum Tribunal fédéral vun der FLF Recht, de Match soll nei gespillt ginn. Den FC Berdenia Berbourg huet géint dës Decisioun Appell ageluecht, ënner anerem mat Verweis op d’Net-Ufechtbarkeet vun Tatsaachenentscheedungen am Laf vum Match. Dobäi kënnt och d’Fro vun der Verhältnisméissegkeet, well d’Aktioun ganzer 5 Minutte virum Schluss vum Match geschitt ass.
Well d’FLF-Reglement virgesäit, dass ee Recours géint eng Nei-Usetzung vun engem Match keen „effet suspensif“ huet, muss dëse Match lo e Mëttwoch nei gespillt ginn.
Trotzdeem hat den FC Berdenia Berbourg ugefrot, de Match eréischt no der Decisioun vun der Cour d’appel unzesetzen. Dëst gouf vun der FLF ofgeleent, mat der Begrënnung, datt d’Competitiounen weidergefouert ginn, och wann nach eng Instanz mat engem Dossier beschäftegt ass. Et wieren nach genuch Mëttwocher tëscht haut an dem Schluss vun der Saison disponibel gewiecht fir de Match (falls néideg) nei ze spillen…
D’Ufro vun eisem Veräin war motivéiert mat sportleche Konsequenzen wéi Zousazbelaaschtung fir d‘Spiller, erhéicht Verletzungsgefor, méiglech Spären oder soss Sanktiounen an engem Match, deen (eventuell) net hätt missen nei gespillt ginn.
Zousätzlech kënnt dobäi, dass an eisem leschte Match géint Feelen Spiller opgrond vu giele Kaarten aus dem Match géint Bieles gespaart waren. Giel Kaarten aus engem Match, deen an éischter Instanz vum Tribunal fédéral vun der FLF als „à rejouer“ bewäert gouf dierften duerch den effet non suspensif vum Recours an eisen Aan dann net bestoe bleiwen. Dës Handhabung ass inkohärent an inkonsequent an huet eisem Veräin beim Match zu Feelen geschued an dem Géigner gehollef.
Onofhängeg dovun, huet dës Situatioun natierlech och d‘Equipe während deene leschten Deeg beschäftegt an de Fokus konnt verständlecherweis net 100% op déi sportlech Aufgabe geluecht ginn. Sou eng Entscheedung gëtt net einfach mat engem Kopfnicken entgéint geholl, mee huet Afloss op d’Motivatioun an dee ganze Spillbetrieb.
Am Endeffekt féiert dës Situatioun dozou, dass eise Veräin, ouni Eegeverscholden, em eng bis dohi ganz gutt Saison bruecht gëtt, déi op eemol där super Aarbecht vun der Equipe um a rondrëm den Terrain net méi gerecht gëtt. Dat alles als Konsequenz vun engem Arbitterfeeler (deen absolut mol geschéie kann, mir kënnen net nëmmen ee Lidd dovu sangen), Mangel u Fangerspëtzegefill, enger schwéier novollzéibarer administrativer Praxis an an an…
Fir den FC Berdenia Berbourg stellt dës Situatioun eng inkonsequent an schwéier nozvollzéibar Handhabung duer. De Veräin wäert de Match ënner Protest spillen an behält sech vir, all néideg Schrëtt ze ënnerhuelen, fir de Fall juristesch klären ze loossen.
De Comité vum FC Berdenia Berbourg
De Comité vum FC Berdenia Berbourg
