Kings of Penalty XV
9th June 2025
FC Berdenia Berbourg

Déi 15. Editioun vum Kings of Penalty Eelefmetertournoi huet de 7. Juni zu Berbuerg um Fussballsterrain stattfonnt. Trotz der enger oder aanerer Schauer hunn sech déi knapp 60 Equippen et net huelen gelooss fir hier Eelefmeter ze schéissen an hiere Béier ze drénken. Relax Beats vun Malo / Skit / Faber hunn d‘Stëmmung och opgehëllt.
Fir dës Jubiläumseditioun ass et mol eng Kéier Zäit fir eng Reih Merci’en ze verdeelen.
Viirop e grousse Merci un alleguer d’Equippen an d’Spiller, déi dëst Joer wéi och all déi aaner Joren viirdrun matgemaach hunn. Verschiddener sinn effektiv all Joers zënter 2009 derbäi, aanerer huelen honnerte Kilometer op sech fir legendär Momenter mateneeng ze erliewen.
E weidere Merci geet un eis Sponsoren, zumools déi déi eis vun Ufanks un zur Säit stinn. Erviirzehiewen ass hei Eye-T vu Manternach déi lo fir déi 15. Kéier den Haaptpräiss gestëft huet, souwéi och d'Electricité Wampach dei all Joers Material an Know-How fir d'Stroumversuergung zu Verfügung stellt. Awer och all eisen aaneren treie Sponsoren an den dësjähregen Terrain- & Goalsponsoren: Eye-T, Electricité Wampach, Garage Kruft, Ruppert Drinks and More, Kiné Fit4Life Ingo Grün a Street Wheels.
Wichteg fir den Oflaf vum Event sinn awer och eis Helferlein hannert de Kulissen ouni déi dësen Tournoi sou net méiglech wier. Niewt den onzählege Stonnen déi vum Veräins- an Organisatiounscomité geleescht ginn, si mir houfreg ëmmer rëm op eng ganz Partie Kolleegen, Memberen a Sympathisanten vum Veräin zréckgräifen ze kënnen. Dir sidd déi Bescht!
E spezielle Merci geet un d’Gemeng Manternach, déi eis net nëmmen rondrem d’Organisatioun ënnerstëtzt, mee och nach tatkräfteg als Bénévole hannert dem Comptoir mat ugepakt huet ;-).
Dann huet de Guy Thill dëst Joer de Matchball fir d‘Finallen gestëft. Merci dofir, et hat jo anscheinend Gléck bruecht dass d’Kroun mol eng Kéier am Veräin bliwwe ass! Hei d'Plazéierungen a d'Präisser vun der 15. Editioun:
1. Plaz: „Entente2Beer“, eis Traineren vun der Jugendentente gewannen 6 Tablets vun der Firma Eye-T vu Manternach
2. Plaz: „Bloen 3-5-2“ gewënnt en Teamiessen beim Restaurant Koeppchen zu Wuermer
3. Plaz: „1. FC Koma“ gewënnt Akafsbongen bei Ruppert Drinks & more
4. Plaz: „Schmerren“ gewannen 6 Fläschen Crémant Pundel-Hoffeld
Déi nächst Editioun kënnt bestëmmt.
We are the real Kings of Penalty!
