Barragematch den 1. Juni zu Berbuerg

29th May 2024

club logo

FC Berdenia Berbourg

image

FC Yellow-Boys Weiler-la-Tour (EP) - US Feulen (D1)

De Barragematch ëm d'Eirepromotioun, e Samschdeg den 1. Juni um 17h00 zu Berbuerg an der Street Wheels Arena. Den FC Berdenia Berbourg freet sech fir d'Equippen an d'Fans vu béide Veräiner ze empfänken.

Adress: Schoulstrooss, L-6830 Berbourg
D'Entréeskeess ass ab 15h30 op
10 Euro Entrée (fräien Entrée bis 16 Joer)

Parkplazen ginn et um Parking an am Haff vun der Grondschoul direkt niewendrun, souwéi och laanscht d'Strooss.

Wéi gewinnt op engem Barragematch, gëtt mat villen Zuschauer gerechent. Dofir kommt w.e.g. mat Zäiten.

Fir Iessen a Gedrénks ass zu Berbuerg bekanntlecherweis beschtens gesuergt.

Op e gudde Match!