Fazit vun der Saison 2023/2024

28th May 2024

club logo

FC Berdenia Berbourg

image

Eng ongewéinlech Saison geet op en Enn. Trotz enger mësslongener Hironn hu mir schlussendlech awer déi beschte Saison vun der Veräinsgeschicht gespillt. 42 Punkten hate mir zwar och schonn déi zwou Saison'en viirdrun, allerdengs méi eng schlecht Plazéierung (eng 8. an eng 9. Plaz), sou dass dës 6. Plaz an der Eirepromotioun definitiv an d'Geschichtsbicher ageet. Domat spille mir d'nächst Joer dann déi 5. Saison hannerteneeng an der zweethëchster Liga!

An der éischter Halschent vun der Saison war eis 1. Equipe awer alles aanescht wéi vum Erfolleg verwinnt. Am Dezember stounge mer mat just 3 gewonnene Matcher a schappëgen 10 Punkten wäit oofgeschloen op der leschter Tabelleplaz. Déi wéinegst hunn zu deem Zäitpunkt nach mam Klassenerhalt gerechent. An awer hunn déi Verwantwortlech vum Veräin dru gegleewt an hunn eng glécklech Händchen bewisen. Sou ass et no der Wanterpaus richteg lass gaangen, mat eisem neien Trainer Josef Cinar, e puer neien Transfert'en, a mat Stammspiller déi aus enger laanger Verletzungspaus zréckkomm sinn. Et ass der Equipe effektiv gelongen fir sensationell 32 Punkten ze huelen a vun deene 15 Réckronnematcher 9 ze gewannen, 5 gläich ze spillen a nëmmen 1 ze verléieren. Bemierkenswert ass och dass mir nëmmen 6 Géiegoaler an der Réckronn geschoss kritt hun (zweetbeschten ass d'Etzella mat 14 Géigegoaler). Dofir e ganz grousse Bravo un alleguer d'Spiller an den Trainerstaff fir dës Leeschtung!

Waat eis Reserven ugeet, sou war fir d'alleréischt an der Veräinsgeschicht eng 3. Equipe am Reservechampionnat un de Start gaangen. Vun 22 Matcher goufen der 13 gewonnen, 2 gläich gespillt a 7 verluer (dovun een op Forfait), sou dass eis 3. Equipe mat 41 Punkten op Anhieb op enger ganz gudder 5. Plaz geland ass. Och eis 2. Equipe koum am flotten "Derby-Bezierk" vun der 3. Klass (mat all de Kolleegen a Bekannten aus de Nopeschveräiner) op eng gutt 5. Plaz, dëst mat 37 Punkten an 10 gewonnene Matcher. Och hei e grousse Merci alle Spiller (deene jonken an och manner jonken) an dem Trainerteam fir den Asaz an d'Héichhalen vun de Veräinsfaarwen an alle Competitiounen, waat sportlech wéi organisatoresch secher net ëmmer einfach war.

D'Saison ass fir de Veräin awer nach net riwwer. E Samschdeg, 1. Juni um 17h00 fënnt de Barragematch ëm d'Eirepromotioun FC Yellow Boys Weiler-la-Tour (EP) géint US Feulen (D1) zu Berbuerg an der Street Wheels Arena statt. Dee Weekend drop, den 8. Juni, ass Nuit des Sports kombinéiert mat eisem Koubingo "Berbuerger Duerfbeschass" um Terrain, an de 14. & 15. Juni ass eise legendäre Kings of Penalty 11m-Tournoi. Do si nach Plazen fräi. Umellen kann een sech nach op www.penalty.lu!

Last but not least, wëlle mir op dëser Plaz dem Malek Amdouni nach eng gutt Besserung wënschen, dee sech am leschte Match zu Beggen schwéier un der Schëller an um Knöchel blesséiert hat. Kopf hoch, Malek!

Mir si Berbuerg!