Skip to contentSkip to footer
FC Berdenia Berbourg

FC Berdenia Berbourg
Berdenia

Umellen

GAME RULES

* 5 Elefmeter pro Match ginn vun all Equipe geschoss. Ass dann Gläichstand gëtt de Match gewäert (Gruppenphase) oder am normalen Roulement weidergespillt bis e Gewënner feststeet (K.O. Ronnen)

* Et gëtt eng Gruppephase mat 12 Gruppen à 5-6 Equippen wou sech déi 4 éischt jeweils direkt fir d'K.O. Ronnen qualifizéieren. Déi 5. a 6. plazéiert Equippen spillen eng Lucky Loser Ronn a kënne sech iwwert de Wee och nach mat bësse Chance qualifizéieren. Duerno geet et an d'K.O. Phase bis hinn zu de Finallen. Den Organisateur behält sech d'Recht viir fir de Modus un d'Unzuel vun den Equippen ze adaptéieren.

* An de Gruppenphasen ginn et 3 Punkten fir een gewonnenen Match an 1 Punkt bei engem Glaichspill. Am Fall vu Glaichstand an der Tabell zielt d’Goalverhältnis, dann dei geschossen Goaler an, dann den direkten Verglaich sollt dann nach emmer kee Gewenner feststoen, gett geloust (Mënzworf)

GENERAL RULES

* All Spiller daerf nemmen bei enger Equipe matspillen.

* Während dem Tournoi dierfen keng Spiller ausgetosch gin.

* Forfait verleiert dei Equipe, dei sech onsportlech vis-à-vis vum Responsablen/Arbiter vum Terrain behellt, awer och vis-à- vis vun der aanerer Equipe.

* As eng Equipe nom zweetem Opruff net um Terrain verleiert se 3-0 Forfait.

* Speitstens 30 Minuten virum Tournoi muss d’Equipe sech mat den Nimm vun all Spiller ungemellt hun

* Gespillt get no den normalen FIFA/UEFA Regelen.

* Et ass net erlaabt um Terrain ze fëmmen

* Et ass net erlaabt Iessen an Drénken ze consomméieren waat net um Site kaaft ginn ass.

TEAM RULES

* Eng Equipe besteet aus minimal 5 a maximal 6 Persounen, dorenner ee Keeper. Während dem Tournoi kann eng Equipe mat manner wei 5 Leit weider spillen. Et gin deen Moment awer och nemmen souvill Elefmeter geschoss, wéi Leit an der Equipe sinn.

* De Mindesalter as op 16 Joer festgeluecht.

* D’Unzuel vun den Equipen ass vum Organisateur limitéiert.

* Eng Equipe gëllt als ugemellt wann d'Startgebühr (Registration fee) op folgende Kont bezuelt ginn ass:  FC Berdenia Berbourg    CCRALULL  LU18 0090 0000 0141 2386  (mat der Mentioun: ‘Numm vum Responsablen an Numm vun der Equipe’)

* Sinn den Daag selwer nach Plaatzen fräi, ass et och méiglech sech op der Plaz unzemellen.

Allen Equipen wënsche mir bonne Chance a vill Spaass! Respektéiert d'Regelen a behuelt iech fair a sportlech !

Kings of Penalty steet fir Sport a Spaass an dobäi soll et och bleiwen!
Den Organisateur seet villmols Merci am Viraus!