Skip to contentSkip to footer
FC Berdenia Berbourg

FC Berdenia Berbourg
Berdenia

Umellen

KINGS OF PENALTY AFTERMOVIE

KINGS OF PENALTY 2022

KINGS OF PENALTY 2022

E Samschdeg, den 28. Mee huet zu Berbuerg um Fussballsterrain déi 12. Editioun vum Kings of Penalty stattfonnt. Eng ronn 80 Equippen waren ugetrueden fir zesumme Spaass ze hunn an eng sëllegen Eelefmeter ze schéissen. Als éischt huet een sech missten duerch d'Gruppephase an duerno direkt an de K.O. Ronnen derduerch schloe. Dëst Joer nei war dass een d'Resultater an d'Tabellen direkt live online verfolge konnt. Sou huet och kee säin Asaz verpasst ;-)
 
Um Enn hunn dëst Joer d'Jongen vun #AllesamKapp gewonnen, an zwar 6 Terrapads vun eisem laangjärege Sponsor Eye-T. Déi 2. Plaz geet un d'Equipe Não Bindes Pa Festa? déi 6 individuell designed Trikot'en vun MSL Sports gewannen. Déi 3. Plaz geet un RP Poulet déi e Consommatiounsbong vun 120 Euro beim Café Beim Beichtstull gewannen. An déi 4. Plaz war fir den FC Dynamo Tresen déi passenderweis 6 Fläschen Battor Vermor Orbitt gewonnen hunn.
 
E GROUSSE MERCI un all d'Equippen déi matgemaach hunn an och un all eis Sponsoren! See you in 2023!
 
#wearekingsofpenalty #therealkingsofpenalty

KINGS OF PENALTY 2022

Kings of Penalty 2023

Dëst Joer e bësse méi kleng wéi gewinnt, trotzdeem hunn eng 60 Equippen ëm den Titel gekämpft, déi eng ëm deen um Terrain, déi aaner ëm deen géint den Duuscht. Opgrond vum Barragmatch deen den Dag drop um selweschten Terrain stattfonnt huet, ass just op 4 Goaler gespillt ginn. De Spillmodus war wéi gehabt mat enger Gruppephase, enger kuerzer Tëscheronn an enger K.O.-Phase bis hinn an d'Finallen. D'Spiller konnten wéi och schonn d'lescht Joer d'Resultater an den Tabellestand live um Handy verfolgen. D'Wieder huet och rëm top matgespillt sou dass d'Stëmmung mam DJ Bisi wéi ëmmer relax bis feucht fröhlich war. D'Organisatiounsteam vum Penalty seet alle Spiller a Supporter e grousse Merci fir eng erfollegräich 13. Editioun vum Kings of Penalty.

De Gewënnerpodium 2023 gesäit folgendermoossen aus:

1. FC Faangnetz - 6 Terrapads by Eye-T
2. Ajax Dauerstramm - 250 Euro Voucher by Street Wheels
3. Team Irrel - 200 Voucher by Restaurant Daisy
4. Eechternoacher Bouwen - 6 Fläschen Battor, the better Bitter

Déi nächst Editioun kënnt bestëmmt, nächst Joer dann rëm Ufanks Juni. Weider Informatiounen ginn et zu engem spéideren Zäitpunkt op deene bekannte Plazen a Plattformen!

Fotogalerie Kings of Penalty 2022

Fotogalerie Kings of Penalty 2022
Fotogalerie Kings of Penalty 2022

Méi uweisen

KINGS OF PENALTY 2020

Gléck am Ongléck kéint ee soen. Dëse Weekend hätt sollen déi 12. Editioun vum Kings of Penalty sinn, ugefaange um Freideg mam Concertsowend a mam Eelefmetertournoi e Samsdeg de ganzen Dag. Mee leider ass am Joer 2020 jo alles aanescht.

No wochelaanger Préparatioun an 3 Deeg Site opriichten wiere mir gëschter um Freideg géint 18h00 prett gewiescht fir eis Gäscht ze empfänken an e flotten Owend mat live Musek ze feieren. Pünktlech fir de Optakt wieren awer och d’Onwiederen um Rendez-Vous gewiescht mat Knëppelsténg a vill Loft a Reen, sou dass daat Ganzt mat grousser Wahrscheinlechkeet an d’Waasser gefall wier.

D’Wieder um Samsdeg huet sech besser annoncéiert, awer ëmmer mat der Ongewëssheet dass rëm e Stuerm an Donnerwieder opzéiht a deemno mam Risiko den Tournoi rëm mussen ofzebriechen sou wéi 2018 op eiser 10-järeger Jubiläumseditioun. Keng schéi Viirstellung. Am Normalfall wier et awer no enger Reih Béieren a Flieten e flotten Daag mat Kolleegen gewiescht wou géint der Owend déi beschten (oder déi glécklechsten) Equipe den Tournoi an déi 6 Terra-Pads vun der Firma Eye-T gewonnen hätt.

Deemno war et vläicht Gléck am Ongléck dass mir dëst Joer zu enger Paus gezwonge gi sinn. Daat nächst Joer kënnt de Kings of Penalty awer zréck - sträicht iech elo schonn den 11. + 12. Juni 2021 am Kalenner un!

Niewt den Duerfleit, all den Equippen an de ville fräiwëllege Veräinsmemberen, wëlle mir awer virun allem och eise laangjährege Sponsoren op dëser Plaz villmools Merci soen. Ouni si wier dësen Tournoi an de leschte Joren sou net méiglech gewiescht. Dofir ënnerstëtzt och eis Sponsoren, grad an dësen Zäiten.

Als Ersatz fir de Penalty 2020 organiséiert de Veräin de 4. Juli e Flieten Drive-In zu Berbuerg um Terrain. Maacht är Commande elo op info@berdenia.lu!

Bis dohinn – bleift gesond

äre Penalty Organisatiouns Comité

KINGS OF PENALTY 2019

Déi 11. Editioun vum Kings of Penalty huet de 7. an 8. Juni 2019 zu Berbuerg am Stade Renert statt fonnt. Trotz dem onbestännege Wieder iwwer déi zwee Deeg, war den Oflaf einwandfräi an d'Stëmmung wéi emmer feucht-fröhlich.

Freides war eisen mëttlerweil schon traditionnellen Concertsowend. Déi kaal Loft an zäitweise Reen hunn der gudder Laun vun eise Museker an eise Gäscht awer keen Ofbroch gedoen. Den Optakt huet d'Bech-Berbuerger Musek zesummen mam Thierry Mersch, Dan Thurmes an Tom Eiffes am Zelt gemaach, deels e "re-live" vun hierem erfollegräiche Galaconcert Ufanks Mee am Beaurepaire. Duerno den Optrëtt op der Bühn vum Thierry Mersch, woubäi säin Hit "Inferno", deen a ganz speziellen Konstellatiounen viirgedroen ginn ass, wuel sou munchem nach eng Zäitchen am Ouer hänke bleift. Fir den Ofschloss hunn eis finnesch Kollegen vun Stage Addicts mat hierer eenzegarteger Manéier vun akousteschem Pop-Rock nach eng Kéier gutt agheizt.

Samsdes war dann de groussen Eelefmetertournoi mat knapp 80 Equippen. Verschiddener waren derbäi fir e relaxen Daag mat Kolleegen ze verbréngen, aanerer waren ugetrueden fir sech den Titel an domat ee vun de schéine Präisser ze huelen. Gespillt ginn ass dëst Joer an engem vereinfachte Modus wou als éischt 12 Gruppen à 7 Equippen ugetruede sinn, an et duerno direkt am K.O.-Modus mat den 1/32-Finallen weidergaangen ass. Um Enn waren et d'Jongen vun der zweeter Equipe vum FC Jeunesse Biwer déi ganz uewen op der Treppchen stoungen. Gratulatioun hinnen all a jidderengem en décke Merci fir d'Matmaachen. Héi sinn déi 4 Gewënner 2019:

1. Plaz: BiwerDiZweet gewënnt 6 Terra Pads vun eisem laangjärege Partner, der Firma Eye-T vu Manternach
2. Plaz: Fullemetti gewënnt e bon de réduction vun 175 Euro pro Spiller beim Kaf vun neie Pneuen beim Pneus Center Frisange
3. Plaz: SL Colinho gewënnt e Saz personnaliséiert Trikot'en vun GEFF Sport Luxembourg
4. Plaz: Legends, déi de Gewënner vun de leschten zwee Joer FC Potaschbierg an der 1/16-Finall erausgeheit hunn, gewannen 2x6 Béier.

Niewt der gudder Laun, villen Eelefmeter, kaalem Béier a beschte Beats vum DJ Freezy, haate mer awer och nach zwou ganz flott Aktiounen niewt dem Terrain:

Aus dem Freiburger Emland a vu Basel kënnt säit e puer Joer e Grupp Kolleegen extra de wäide Wee bis op Berbuerg op de Penalty. Zesumme sinn sie Fans vum SC Freiburg an och mat hierem Fanclub "Grenzgänger Nord" um Tournoi vertrueden. Dëst Joer hu mer duerch en Austausch vu Fanschaler eng Art Fanfreundschaft zwëscht hierem Fanclub an dem FC Berdenia Berbourg geschloss. Super Jungs, Danke fürs Kommen, ist immer wieder ein Spass. Wir freuen uns schon auf die nächsten Pistoleros mit euch ;-)

Last, but not least, war no der Präissiwwerreechnug eng ganz spontan Aktioun vum Tom Picard, deen als Clown verkleed op säin Happy Man Project opmierksam gemaach huet. Hien sammelt duerch verschidden Challenges Suen fir de Gudden Zweck. Sou sinn um Enn nach bal 600 Euro fir d'Ile aux Clowns um Penalty zesumme kommen. Grousse Respekt a weider sou. Eis Ënnerstëtzung hues du!

Als Ofschloss hu mer de Penalty 2019 bei der Musek vun de Stage Addicts an dem DJ Humpenzähler gemittlech ausklénge gelooss!

Fotos Kings of Penalty 2019

Fotos Kings of Penalty 2019
Fotos Kings of Penalty 2019

Méi uweisen

KINGS OF PENALTY 2018 - 10 YEARS GOLD EDITION

10 Joer Kings of Penalty, eng wierklech aussergewéinlech Editioun - an allen Hisiichten
 
Freides Owes ass et mat eisem Concertsowend lass gaangen. Traditionell gett den Optakt emmer vun der Bech-Berbuerger Musek gemaach, dest Joer mam neien Dirigent Daniel Heuschen. Well d'Wieder kuerz virun hierem Concert no Reen ausgesinn huet, hunn déi iwwer 40 Musikanten sech missten am Zelt installéieren, waat der Stemmung awer keen Ofbroch gedoen huet. Duerno huet de finneschen Duo Stage Addicts mat senger relaxer Art a Weis a senger authentescher Accoustic-Musek d'Leit begeeschtert. Als Ofschloss huet Timeless rem d'Bühn gerockt, sie geheieren jo schon déi läschte Joren quasi zum Inventar.
 
Samsdes waren fir de groussen 11m Tournoi iwwer 90 Equipen ugemellt, 83 sinn der dann schlussendlech den Dag selwer un de Start gaangen. Mat engem liichte Retard, trotzdem gutt gelaunt si mir bei beschtem Wieder gestart. No der eischter Gruppephase hu mir duerch e klengen Fehler am Programm leider weider Zäit verluer. Nodeems den Tournoi rem um rulle war, si lues a lues däischter Wolleken opgezunn. Wéi Meteolux dunn och nach eng Alerte Rouge annoncéiert huet, huet den Tournoi missten ennerbrach an den Terrain geraumt ginn. Well d'Situatioun sech net verbessert huet, ware mir leider gezwongen fir den Tournoi komplett ofzebriechen. 
 
Déi extra Gold Edition Challenges konnten awer schon direkt nom Spillofbroch ausgewert ginn. De Beer Challenge ass gewonne ginn vun der Equipe "Dynamo Doppelkorn" mat 49 Trays (déi zweet Plaz deelen sech "Tunneldisco" an "Duuschtii" mat jeweils 38 Trays). Beim Dress Challenge hat d'Equipe "Saufen Buppen Chachacha" mat Costume-Krawatt déi bäschte Figur gemach.
Déi sportlech Fortsetzung an domat d'Finalronn vum Eelefmetertournoi war deemno e Weekend méi speit op der selweschter Plaz. 15 Equipen waren nach eng Keier an 3 Gruppen un de Start gaangen woubäi déi zwee Eischt aus all Grupp schlussendlech an zwou knackegen K.O.-Ronnen ëm den Titel gekämpft hunn. Manner grouss an trotzdem nach eng Keier eng flott Ambiance, a fir verschidden Penaltyschützen wuel och eng ganz nei Erfahrung, wann een d'Endronnen mat manner Béier wéi gewinnt spillen kann.

No knapp 1h30 war de Programm dann och schon duerch, wou zum Schluss den FC Potaschbierg sech behaapten an domat schon fir d'zweet den Tournoi gewannen kann.  

Hei d'Plazéierungen an d'Präisser vum Kings of Penalty 2018:

1. FC Potaschbierg - Terrapads vun der Firma Eye-T vu Manternach

2. Ultimate Team - Remisebongen vun 175 EUR vum Pneus Center zu Frisange

3. Panzvollisten - Bong fir en Teamiessen am Restaurant Koeppchen zu Wormeldange-Haut

4. SC Nankatsu - Crémant Aly Duhr

 

Den Organisatiounscomité gratuléiert dem FC Potaschbierg an den aaneren Equipen um Podium, a seet allen Equipen en décke Merci dass se matgemaach hunn, a besonneg deenen déi nach eng zweete Kéier ugetruede sinn. Och eisen Sponsoren soen mir op dëser Plaz villmols Merci fir hier jorelaang Ennerstëtzung.

Kings of Penalty 2018 - 10 years gold edition

Kings of Penalty 2018 - 10 years gold edition
Kings of Penalty 2018 - 10 years gold edition

Méi uweisen

Kings of Penalty 2018 - 10 years gold edition

Kings of Penalty 2018 - 10 years gold edition
Kings of Penalty 2018 - 10 years gold edition

Méi uweisen

Kings of Penalty 2017

Kings of Penalty 2017
Kings of Penalty 2017

Méi uweisen

KINGS OF PENALTY 2016

D'2016er Editioun vum Kings of Penalty war erëm e fantastescht Fest ronderëm de Fussball!

E Freideg ass et lass gangen mam Concert Evening, an dat e Fussballveräin och Kultur kann huet de Berbuerger Fussball bewiesen. Nô engem flotten Concert vun der Bech-Berbuerger Musek, stoung duernô bis spéit an d^Nuecht eran Festivalstëmmung um Programm mat de Gruppen Timeless an a Tribute to ACDC. 
 
E Samsdeg war muencher een nach midd, wéi et um 11:00 Auer mat den Aschreiwungen lass gangen ass. 82 Equipen mat iwwer 450 Spiller sinn ugetrueden, an trotz lichtem Reen dien et zäitweis gouw, war d'Stëmmung perfekt. Nô 7 Stonnen Eelefmeterschéissen an iwwer 4000 Penaltiën, huet d'Equipe The Legends ronderëm den Dan Huss, den Tournoi gewonnen. 
 
All Spiller aus dëser Equipe konnt e Lap-top mat heem huelen, gesponsert vun der Computerfirma EYE-T vu Manternach. 
 
Dem Comité bleiwt Merci ze soën un all Léit déi gehollef hunn, dat dëst Fest esou e groussen Succès war. Virop der Penaltyskommission, ouni sie an hier vill Aarbecht, déi schons fréi am jâr lass geet, kéint dëst Fest nët stattfannen. Da geet e Merci un eis vill Sponsoren fir hier finanziel Ënnerstëtzung. E weidere Merci un all déi, déi gehollef hunn, un eis Spiller, der Jugendkommissioun, der BBM, an alle Privatléit a Frënn vum FCBB. 
 
Och e Merci un déi 450 Spiller, déi  ugetruede sinn, ënner hinnen och d'Spiller an de Comité vun eisem Partnerveräin TuS Buisdorf, déi mat 2 Equipen ugereest waren.

Kings of Penalty 2015

Kings of Penalty 2015
Kings of Penalty 2015

Méi uweisen

KINGS OF PENALTY 2014

Et war e Riesenerfolleg fir de Kings of Penalty, dien den FC Berdenia Berbourg op dem Pengschtweekend, dëst fir déi 6. Kéier organiséiert huet. Béi héichsummerlechen Temperaturen iwwer 30 Grad an engem strahlend bloën Himmel konnten d'Organisateuren e neien Rekord mat 81 Equipen verzeechnen, déi sech afonnt haaten fir de ganzen Daag um Eelëfmetertournéier deelzehuelen.
  
Den 1. Préiss, 6 Terra Pads gestëfft vun der Firma Eye-T vu Manternach sinn an enger spannender Finale vun der Equipe Troublemakerz gewonnen ginn. 
 
Schons Freides owes ass de kulturellen Deel vum Penalty lass gangen, mat engem flotten Concert vun der Bech-Berbourger Musek an duerno der Band Timeless, déi wéi ëmmer de Publikum begeeschtere konnt. 
 
De Kings of Penalty ass déi gréissten Manifestatioun, déi de Berdenia Berbourg am Laaf vum Jâr ob d'Been stellt. Fir dat sie gelengt, si vill fléisseg Hänn erfuerdert, an duerfir wëll de Comité alle Léit Merci soën déi dozou béigedroën hunn. Dat sinn d'Jongen vun der Penaltyskommissioun, eis Sponsoren, an all Memberen a Frënn vum Veräin déi gehollef hun, dat dëst Fest esou e grousse Succès war. E besonnesche Merci dem Carole Kuffer, fir déi vill flott Photoën hei um Site. 
 
An zu gudder Lescht och nach gutt Besserung fir déi 2 Keeperen, déi sech während dem Tournoi blesséiert hunn.

Kings of Penalty 2014

Kings of Penalty 2014
Kings of Penalty 2014

Méi uweisen

Kings of Penalty 2012

Kings of Penalty 2012
Kings of Penalty 2012

Méi uweisen

Kings of Penalty 2011

Kings of Penalty 2011
Kings of Penalty 2011

Méi uweisen