Resultater vun der semaine sportive

Am Kader vu sénge 70 Joer hat den FC Berdenia Berbourg vun en Donneschteg 14.06 bis e Sonndeg 17.06 op séng semaine sportive am Stade Renert invitéiert. Insgesamt 15 Veräiner waren iwwer 4 Deeg an 8 verschiddene Kategorien am Asaz, woubäi 3 éischt Plazen fir eis Equipen erausgespronge sinn.

Deemno en duerchaus gelongenen sportleche Rendez-Vous fir d'Gebuertsdagskand FC Berdenia. Nom Penalty ass domat e weideren ustrengende Weekend fir munchereen eriwwer. Enner grousse Schwieregkeeten fir Equipen fir all Jugend- a Seniorskatégorien zesummen ze kréien, ass et trotzdem gelongen e sportlech gudde Programm op d'Been ze stellen an och ofzewéckelen. Dofir e ganz grousse Merci un alleguer d'Equipen déi matgespillt hunn an d'Leit déi sech iwwer déi 4 Deeg engagéiert hunn.

D'Seniors 1 spillen nach e separaten Tournoi fir de 70. Anniversaire, deen vum 9. - 12. August statt fënnt. Mat derbäi sinn eis Nopeschveräiner vun US Berdorf-Consdorf 01, CS Grevenmacher, FC Jeunesse Biwer, Union Mertert-Wasserbillig souwéi och den FC Munsbach.

Net ze vergiessen och eise grousse Galamatch den 11. August um 18h00 wou ehemoleg Gladbacher Profi'en géint ehemoleg lëtzebuerger Internationaler spillen.

Hei d'Resultater aus alle Kategorien vun der semaine sportive (eng Fotogalerie fannt dir demnächst och op dëser Plaz):

Pupilles U9:
1. FC Sporting Mertzig
2. FC Victoria Rosport
3. Entente Berbourg/Biwer 2
4. Daring Club Echternach
5. Entente Berbourg/Biwer 1
6. Syra Mensdorf

Poussins U11:
1. Entente CSG/Berbourg/Biwer 1
2. Sporting Bertrange
3. Entente Osten/Mensdorf
4. Union Remich-Bous

Minimes U13:
1. Daring Club Echternach
2. Entente Berbourg/Biwer/CSG
3. Blo-Wäiss Itzig
4. FC Wiltz 71

Scolaires U15:
Entente CSG/Biwer/Berbourg - Entente Lintgen-Mersch 5-2

Cadets U17:
Entente CSG/Biwer/Berbourg - Entente Ennersauer-Mëllerdall 2-5

Juniors U19:
Entente CSG/Berbourg/Biwer - Entente Gréngewald Hostert/Junglinster 3-4

2. Equipe:
1. FC Berdenia Berbourg
2. Union Mertert-Wasserbillig
3. FC Jeunesse Junglinster
4. FC Jeunesse Biwer

Veterans:
1. SG Sauertal/Ralingen
2. FC Berdenia Berbourg
3. Union Mertert-Wasserbillig
4. Syra Mensdorf

Programme Semaine sportive

Donneschdeg 14. Juni

18h30: Match Scolaires U15 (2x35 Min.) Entente CSG/Biwer/Berbourg - Entente Lintgen-Mersch

20h00: Match Cadets U17 (2x40 Min.) Entente CSG/Biwer/Berbourg - Entente Ennersauer-Mëllerdall

Freideg 15. Juni

ab 18h30: Tournoi Veterans (Modus 5+1 / 2x15 Min.) mat den Equipen Union Mertert-Wasserbillig, SG Sauertal/Ralingen, Syra Mensdorf, Berdenia Berbourg

Samsdeg 16. Juni

ab 13h00: Tournoi Poussins U11 (2x10 Min.) mat den Equipen Sporting Bertrange, US Remich-Bous, Entente Osten/Mensdorf, Minerva Lintgen an Entente CSG/Berbourg/Biwer 1

ab 17h30: Tournoi 2. Equipe (Modus 5+1 / 2x15 Min.) mat den Equipen Syra Mensdorf, Jeunesse Junglinster, Jeunesse Biwer, Berdenia Berbourg

zousätzlech ab 17h00: Finalronnen Kings of Penalty (suite vum ofgebrachenen Tournoi läschte Samsdeg)

Sonndeg 17. Juni

ab 10h00: Tournoi Pupilles U9 (1x10 Min.) mat den Equipen Victoria Rosport, FC Sporting Mertzig, Daring Club Echternach, Syra Mensdorf, Entente Berbourg/Biwer 1 an Entente Berbourg/Biwer 2

ab 13h00: Tournoi Minimes U13 (2x12 Min.) mat den Equipen FC Wiltz 71, Daring Club Echternach, Blo-Wäiss Itzig an Entente Berbourg/Biwer/CSG

17h30: Match Juniors U19 (2x40 Min.) Entente CSG/Berbourg/Biwer - Entente Gréngewald Hostert/Junglinster


Während dem ganze Weekend gëtt et selbstverständlech genuch z'iessen an ze drénken, an och d'Matcher vun der WM a Russland ginn iwwerdroen, mat enner aanerem dem Kracher Spuenien-Portugal Freides Owes um 20h00. Den Entrée ass fräi.