TEAM RULES

  • Eng Equipe besteet aus minimal 5 a maximal 6 Persounen, dorenner ee Keeper. Während dem Tournoi kann eng Equipe mat manner wei 5 Leit weider spillen. Et gin deen Moment awer och nemmen souvill Elefmeter geschoss, wéi Leit an der Equipe sinn.
  • De Mindesalter as op 16 Joer festgeluecht
  • D’Unzuel vun den Equipen limitéiert
  • Eng Equipe gëllt als ugemellt wann d'Startgebühr vun 30 Euro op folgende Kont bezuelt ginn ass:  FCBB-O.K.ELEFMETERTOURNOI    BCEELULL    LU62 0019 2955 7095 4000   (mat der Mentioun: ‘Numm vum Responsablen an Numm vun der Equipe’)
  • Sinn den Daag selwer nach Plaatzen fräi, ass et och méiglech sech op der Plaz unzemellen

GAME RULES

  • 5 Elefmeter pro Match ginn vun all Equipe geschoss. Ass dann Gläichstand gëtt de Match gewert (Gruppenphase) oder am normalen Roulement weidergespillt bis e Gewënner feststeet (K.O. Ronnen)
  • SIMPLIFIED SHOOTOUT MODE: Et gëtt nach just eng Gruppephase mat 12 Gruppen wou sech déi 5 éischt jeweils fir d'K.O. Ronnen qualifizéieren. Déi 6. plazéiert Equippen spillen eng kuerz Zwëschephase mat 4 Gruppen à 3 Equippen, wou sech dann jeweils de Gruppenéischten fir d'K.O. Ronnen qualifizéiert. Eng Lucky Loser Ronn gëtt et nëtt méi. Duerno geet et direkt mat de K.O. Ronnen weider.
  • An de Gruppenphasen ginn et 3 Punkten fir een gewonnenen Match an 1 Punkt bei engem Glaichspill. Am Fall vu Glaichstand an der Tabell zielt d’Goalverhältnis, dann dei geschossen Goaler an, dann den direkten Verglaich sollt dann nach emmer kee Gewenner feststoen, gett geloust (Menzworf).

GENERAL RULES

  • All Spiller daerf nemmen bei enger Equipe matspillen.
  • Während dem Tournoi dierfen keng Spiller ausgetosch gin.
  • Forfait verleiert dei Equipe, dei sech onsportlech vis-à-vis vum Responsablen/Arbiter vum Terrain behellt, awer och vis-à- vis vun der aanerer Equipe.
  • As eng Equipe nom zweetem Opruff net um Terrain verleiert se 3-0 Forfait.
  • Speitstens 30 Minuten virum Tournoi muss d’Equipe sech mat den Nimm vun all Spiller ungemellt hun
  • No all Match get d’Resultat mat enger Ennerschreft vum Responsablen vun den 2 Equipen valideiert.
  • Gespillt get no den normalen FIFA/UEFA Regelen.
  • Et ass net erlaabt um Terrain ze fëmmen
  • Et ass net erlaabt Iessen an Drénken ze consomméieren waat net um Site kaaft ginn ass.
  • De ganzen Daag steet eng Ambulanz mam First Responder zu Verfügung am Fall wou een sech verletzt oder aaner gesondeheetlech Problemer kritt.
  • De Site souwéi och den Tournoi selwer gëtt permanent vu Security Personal ofgeséchert.

- Allen Equipen wënsche mir bonne Chance a vill Spaass -
! Respektéiert d'Regelen a behuelt iech fair a sportlech !
Kings of Penalty steet fir Sport a Spaass an dobäi soll et och bleiwen
 
Den Organisateur seet villmols Merci am Viraus