Kings of Penalty 2018 - 10 years Gold Edition

10 Joer Kings of Penalty, eng wierklech aussergewéinlech Editioun - an allen Hisiichten

 
Freides Owes ass et mat eisem Concertsowend lass gaangen. Traditionell gett den Optakt emmer vun der Bech-Berbuerger Musek gemaach, dest Joer mam neien Dirigent Daniel Heuschen. Well d'Wieder kuerz virun hierem Concert no Reen ausgesinn huet, hunn déi iwwer 40 Musikanten sech missten am Zelt installéieren, waat der Stemmung awer keen Ofbroch gedoen huet. Duerno huet de finneschen Duo Stage Addicts mat senger relaxer Art a Weis a senger authentescher Accoustic-Musek d'Leit begeeschtert. Als Ofschloss huet Timeless rem d'Bühn gerockt, sie geheieren jo schon déi läschte Joren quasi zum Inventar.
 
Samsdes waren fir de groussen 11m Tournoi iwwer 90 Equipen ugemellt, 83 sinn der dann schlussendlech den Dag selwer un de Start gaangen. Mat engem liichte Retard, trotzdem gutt gelaunt si mir bei beschtem Wieder gestart. No der eischter Gruppephase hu mir duerch e klengen Fehler am Programm leider weider Zäit verluer. Nodeems den Tournoi rem um rulle war, si lues a lues däischter Wolleken opgezunn. Wéi Meteolux dunn och nach eng Alerte Rouge annoncéiert huet, huet den Tournoi missten ennerbrach an den Terrain geraumt ginn. Well d'Situatioun sech net verbessert huet, ware mir leider gezwongen fir den Tournoi komplett ofzebriechen. 
 
Déi extra Gold Edition Challenges konnten awer schon direkt nom Spillofbroch ausgewert ginn. De Beer Challenge ass gewonne ginn vun der Equipe "Dynamo Doppelkorn" mat 49 Trays (déi zweet Plaz deelen sech "Tunneldisco" an "Duuschtii" mat jeweils 38 Trays). Beim Dress Challenge hat d'Equipe "Saufen Buppen Chachacha" mat Costume-Krawatt déi bäschte Figur gemach.

Déi sportlech Fortsetzung an domat d'Finalronn vum Eelefmetertournoi war deemno e Weekend méi speit op der selweschter Plaz. 15 Equipen waren nach eng Keier an 3 Gruppen un de Start gaangen woubäi déi zwee Eischt aus all Grupp schlussendlech an zwou knackegen K.O.-Ronnen ëm den Titel gekämpft hunn. Manner grouss an trotzdem nach eng Keier eng flott Ambiance, a fir verschidden Penaltyschützen wuel och eng ganz nei Erfahrung, wann een d'Endronnen mat manner Béier wéi gewinnt spillen kann.

No knapp 1h30 war de Programm dann och schon duerch, wou zum Schluss den FC Potaschbierg sech behaapten an domat schon fir d'zweet den Tournoi gewannen kann.  

Hei d'Plazéierungen an d'Präisser vum Kings of Penalty 2018:

1. FC Potaschbierg - Terrapads vun der Firma Eye-T vu Manternach

2. Ultimate Team - Remisebongen vun 175 EUR vum Pneus Center zu Frisange

3. Panzvollisten - Bong fir en Teamiessen am Restaurant Koeppchen zu Wormeldange-Haut

4. SC Nankatsu - Crémant Aly Duhr

 

Den Organisatiounscomité gratuléiert dem FC Potaschbierg an den aaneren Equipen um Podium, a seet allen Equipen en décke Merci dass se matgemaach hunn, a besonneg deenen déi nach eng zweete Kéier ugetruede sinn. Och eisen Sponsoren soen mir op dëser Plaz villmols Merci fir hier jorelaang Ennerstëtzung.

 
Fotoen vum Concertsowend: click hei
 
Fotoen vum 11m Tournoi: click hei

Winner 2018: FC Potaschbierg