VETERANEN FC BERDENIA BERBOURG

Zënter 2015 ass eng Veteranenéquipe, oder och "Aal Hären" genannt, fir den FC Berdenia Berbourg aktiv. Regelmässeg ginn Meindesowes Frëndschaftsmatcher ausgedroen, déi am Prinzip 2x35 Minutten daueren, a woubäi och déi drëtt Halschent net ze kuerz kënnt. All ehemoleg Spiller, Memberen a Frënn vum Veräin, déi iwwer 33 Joer hun a nach bessen kicken wëllen sinn hei wëllkomm. Kontakt op info@berdenia.lu oder direkt beim Team Manager Änder Saeul.