Zwëschefazit an der Wanterpaus


20 December 2018

Seniors 1: 
Bei eiser éischter Equipe ass et no ufängleche Startschwieregkeeten ganz ordentlech an der Viirronn gelaf. Nodeems de Jorge Freitas d'Equipe am September vum Patrick Zöllner iwwerholl hat, huet d'Equipe sech gefaangen an de gudden Teamgeescht huet zu gudde Resultater an enger Reih Punkte gefouert. Dodernieft ass d'Equipe an der Coupe FLF zwee Tier weider komm (d'1/8-Finall spillen mir den 3. Abrëll 2019 beim FC Kehlen) an och an der Coupe de Luxembourg huet se, trotz Ausscheeden, e gudde Match géint d'Jeunesse gemaach. Aktuell op der 6. Plaz mat 19 Punkten an domat 9 Punkten Ofstand op d'Op- an d'Ofstiegsbarrageplazen, wäert et wuel schwéier ginn fir an der 1. Divisioun ganz uewen kënnen unzegräifen, zumools direkt e puer Veräiner hier Opstiegsambitiounen ugemellt hunn. Wa mer awer gudd aus der Wanterpaus rauskommen, an eis Equipe eventuell punktuell verstärken, kënne mer duerchaus fir déi eng oder aner Iwwerraschung suergen. Als éischt gëllt et awer mol d'Paus ze notzen fir ze regenéieren an ab Mëtt Februar den Ofstand zum ënneschten Deel vun der Tabell ze haalen, bzw. ze vergréisseren. 

Seniors 2: 
Waat d'zweet Equipe ugeet, sou ass no enger méi schwiereger Saison, dëst Joer rëm bessen méi Schwong dran. Meeschtens ass de Kader gutt opgestallt an et konnten eng ganz Reih Matcher gewonne ginn. Leider fehlt d'Stabilitéit an d'Konstanz sou dass och ëmmer mol rem méi schlecht Leeschtungen derzwëschent sinn. Insgesamt steet d'Equipe awer op der 5. Plaz mat 18 Punkten gutt do, a brauch zum aktuellen Zäitpunkt zumindest net direkt ëm den Ofstieg ze fäerten, am Géigesaz zum leschte Joer wou et bis 2 Spilldeeg viru Schluss nach ganz enk am Tabellekeller war. Allerdéngs fehlt och nach e gutt Stéckchen fir kënnen ganz no uewen ze kucken, waat ënner aanerem ze ville Géigegoaler duerch individuell Feeler geschold ass, soss wieren nach e puer Punkte méi um Konto. Wann d'Equipe esou zesumme bleift a weider mat deem Zesummenhalt an Engagement spillt, kéint dës déi beschte Saison zanter Joren ginn. 

Jugend: 
Och am Jugendberäich kënne mer gutt Prestatiounen beobachten. Zesummen mat eisen Ententepartner CS Grevenmacher an FC Jeunesse Biwer si mir frou dass d'Organisatioun souwéi och de sportlechen Encadrement momentan gutt leeft. Daat huet natierlech och positiv Auswierkungen op d'Leeschtungen vun eisem Nowues. Obwuel et an deenen 3 Veräiner an deem Beräich vill Changementer gouf, sinn d’Zieler nach emmer déi selwescht an et gëtt gutt a professionell geschafft. Zënter dem Summer hu mer mam Christian Rech de richtege Mann als Jugendkoordinator fonnt, deen nierft dem Terrain, wéi och um Terrain eng ganz gutt Aarbecht mescht! Hien hällt d'Ententekommissioun ëmmer um neiste Stand a greift och eise Judendtraineren ënnert d’Aerm. Och all eis Traineren maachen eng ganz gutt Aarbescht, an et gesäit een dass eis Jugendspiller Spass hunn an op all Training vill dobai léieren. Dozou eise President Raoul Schummer: "D’Aarbescht mat eisen Ententepartner leeft ouni Problemer a mir wëllen och weiderhinn all Kand d’Meiglechkeet ginn, an de beschte Konditiounen an hierer Altersklass hierem Hobby nozegoen! Am grousse ganzen si mir mam Joer 2018 ganz zefridden a mir wenschen eisen Ententekolleegen, eisen Traineren, eisen Jugendspiller an all den Elteren schéi Feierdeeg a mir freen eis op 2019!"

An deem Sënn wënscht den FC Berdenia all senge Memberen a Sympathisanten schéi Feierdeeg.