Zwee jonk Transfert'en mat Potential


21 June 2018

Haut présentéieren mir zwee jonk Spiller mat Potential, déi direkt oder indirekt vum FC Munsbach kommen.

De Steven Baskewitch (lénks op der Foto) huet 20 Joer an huet déi läscht 2 Joer zu Mënsbech 1. Equipe gespillt. Als Innenverteideger ass hien beim RM Hamm Benfica ausgebild ginn.

De Rayan Rafdy (riets op der Foto) ass en 19 Joer ale Stiermer. Virun 2 Joer huet hien mat Mensbech a der 1. Divisioun gespillt an ass déi läscht Saison bei US Hostert gewiesselt wou hien sech awer am staarken BGL Ligue Kader net konnt duerchsetzen. De schnelle Spiller ass an der Offensiv op alle Positiounen variabel asetzbar.

Allebéid wäerten als éischt mol op temporairer Basis fir 1 Joer op Berbourg kommen. Mir wënschen hinnen allenzwee bonne Chance am orangen Trikot.