WM 2018: Weltmeeschter scho bekannt


13 June 2018

En Donnesteg fänkt net nëmmen eis semaine sportive un mee och d'Weltmeeschterschaft a Russland. Honnerte vu Milliounen Zuschauer wäerten sech dee Spektakel während 4 Woche laang ukucken fir gewuer ze ginn ween den Titel gewënnt. Oft dréihen Pronostiken sech jo em d'Favoriten an déi rezent WM-Gewënner wéi Däitschland, Spuenien a Brasilien (Italien ass jo bekanntlecherweis dëst Joer net derbäi).

Elo hun dräi Economisten vun der Uni Innsbruck un Hand vum "bookmaker consensus model" (e statistesche Wahrscheinlechkeetsmodell deen haaptsächlech op der Kombinatioun vu Wettquoten baséiert), dass d'Wahrscheinlechkeet am héchsten ass fir dass Brasilien Weltmeeschter gëtt.

Laut hierer Etude, wier de Weltmeeschtertitel fir dës 4 Equipen am wahrscheinlechsten: Brasilien (16,6%), Däitschland (15,8%), Spuenien (12,5%) a Frankräich (12,1%). Den Europameeschter Portugal ass mat 3,4% emmerhin op der 8. Plaz am Rennen em den Titel. Dogéint hu Panama, Saudi Arabien an Tunesien mat jeweils 0,1% déi geréngste Chancen op den Titel.

Waat d'Finall ugeet, do tippen d'statistesch Expert'en op Brasilien-Däitschland (mat der héchster Probabilitéit vu 5,5%), nodeems Däitschland d'Spuenier a Brasilien d'Fransousen an der Halleffinall éliminéiert hunn. D'Wahrschéinlechkeet dass Brasilien de Revanchenduell vun der läschte WM gewënnt läit bäi 50,6% (géint 49,4% fir Däitschland).

Déi ganz Etude mat interaktiven Graphiken kann ee sech um Site vun der Uni Innsbruck ukucken:
https://eeecon.uibk.ac.at/~zeileis/news/fifa2018/ 

A well den Ausgang vun der WM jo scho bekannt ass, bidd den FC Berdenia och keen Tippspill un :-). Emmerhinn hunn déi selwescht Economisten schon fir d'EM 2016 richtegerweis virausgesot dass Frankräich Däitschland an der Halleffinall schléit. Ausserdeem hu sie 2010 de Weltmeeschter an 2014 dräi vu 4 Halleffinalisten richteg virausgesot.

Op daat fir dës WM allerdéngs och klappt an et wierklech sou kënnt wéi d'Innsbrucker Economisten et viraussoen bleift ofzewaarden. Am beschten léisst jiddereen sech iwwerraschen well am Fussball ass emmer alles méiglech.