Wichteg Victoire zu Steesel


18 October 2021

FC Alisontia Steinsel - FC Berdenia Berbourg 2-4
 
De Match war nach net richteg am Gaang do ass Steesel schon mat 1-0 a Féirung gaang. Eis Jongen waren awer net geschockt a konnten duerch e katastrophalen Ofwierfehler vum Géigner duerch den Georgy Courbera an der 19. Minutt ausgläichen. D‘Freed huet net laang ungehaal, well nëmmen 2 Minutten drop kann d'Heemequipe rëm mat 2-1 a Féirung goen. Eis Jongen spillen konzentréiert weider a spillen sech gudd Chancen raus. An der 35. Minutt setzt de Rayan Rafdy sech gutt iwwer riets duerch a flankt op de Georgy Coubera dee per Volley den 2-2 markéiert. Kuerz virun der Paus ass et rëm den exzellent opgeluechten Georgy Courbera deen no engem Korner an de laangen Eck käppt, sou dass et mat 2-3 fir eis Faarwen an d‘Paus geet.

Dei zweet Halschent ass manner spektakulär, mat Chancen op deenen 2 Saiten. Et fällt awer just nach ee Goal, dëst an der 90. Minutt duerch den agewiesselten Christos Karakostas. Domat huelen eis Bären net onverdéngt déi 3 Punkten mat op Berbuerg a kënnen de Viirsprpong op Steesel op 7 Punkten vergréisseren

E Freideg um 20h00 spillt eis 2. Equipe zu Bieles.
E Sonndeg kënnt Kanech op Besuch an de Stade Renert.
Kommt eis Jongen ënnerstëtzen!

#MIRsiBERBUERG