WICHTEG INFO FCBB-UMW


25 August 2020

Léif Supporter,

ët geet rëm lass. Leider net ganz wéi gewinnt, mee trotzdeem ass et rëm méiglech Fussball ze spillen a kucken ze goen - mat enger Reih Aschränkungen.

Aktuell erlaaben d'Autoritéiten Zuschauer op alle Fussballsmatcher, dofir sinn eis Supporter am Stade Renert häerzlech wëllkomm fir mat eis zesummen d'Aventure Éirepromotioun unzegoen. Allerdéngs beschränke mir d'Unzuel vun den Zuschauer op maximal 500 Leit fir dass och jiddereen eng Sëtzplaz kritt. Mir bieden iech w.e.g. all déi néideg Hygiènesmesuren souwéi och de Covid-19 Reglement vum Stade Renert ze respektéieren. An der Annexe fannt Dir nach eng Kéier de Flyer mat alle Regelen.

Fir e reiwungslosen Oflaf ze garantéieren, bieden mir Iech mat Zäiten op de Match ze kommen. D'Entrée ass ab 14:45 op. Desweideren bieden mir jiddereen fir schonn doheem en Ziedel ze préparéieren mam Numm, Viirnumm an Telefonsnummer deen an der Entrée an eng Urne geheit gëtt. Dëst déngt dem Tracing am Fall vun enger Infektioun.

Um Match bieden mir Iech eng vun de markéierte Sëtzplazen anzehuelen a bei der Zirkulatioun um Site ëmmer eng Mask unzedoen. Gedrénks gëtt just a Fläsche verkaft (reduzéiert an adaptéiert Offer) an d'Consommatioun dovun ass just erlaabt wann ee sëtzt . Eppes fir z'iessen gëtt momentan nach net ugebueden.

Fir d'Sécherheet vun eis alleguer ass eng Equipe vu Security Leit am Asaz fir d'Anhaale vun de Regelen ze iwwerwaachen.

Den éischten Heemmatch fënnt deemno dëse Sonndeg den 30. August um 16h00 géint Union Mertert-Wasserbillig statt. Fir de Start an d'Éirepromotioun verlouse mir an der Halbzeit eng Këscht Béier ënnert allen Nimm an der Urne.

Mir si Berbuerg!

covid_web kopie.jpg