Wichteg 3 Punkten fir eis 2. Equipe


30 October 2021

FC Berdenia Berbourg II - FC Yellow Boys Weiler la Tour II 3-2
 
De ganze Match war vun engem verhältnisméisseg héije Rythmus geprägt a sou si mir och an der Ufanksphase iwwerrascht an deelweis iwwerrant ginn. Weiler léisst eis Spiller an och de Ball lafen a geet logesch mat 1-0 a Féierung. Duerno fänke mer eis, kréie méi Zougrëff op d’Spill an de Charel Kremer lobt no 10 Minutten zum 1-1 no schéiner Virarbescht vum Pol Lanners. Doropshinn ass de Match relativ ausgeglach, et ass ee physesche Match mat ville Fouls. Sou geet et och mat 1-1 an d'Paus nodeems Weiler secher méi vum Match a méi Ballbesëtz haat, mee Berbuerg ënmer rëm gutt gekontert huet.

An der 50. Minutt gëtt de Charel Kremer vum Serge Guth op d’Rees geschéckt, bleift cool virum Goalkeeper. 2-1 fir Berbuerg! Déi 86. Minutt ass et de Mathis Weydert, dee ganz wibbeleg an engagéiert fir Onrouh beim Géigner gesuergt huet, deen allt ërem vum Serge Guth iwwert déi lénks Bande Richtung Goal geschéckt gett an den 3-1 markéieren kann. An der 90. Minutt kréie mir hannendran de Ball no engem Fraïstouss net geklärt a Weiler verkierzt op 3-2. An der 95. Minutt ass d'Chance nach op eiser Säit, wéi Weiler en Eelefmeter net rakritt a mir sou déi 3 Punkten zu Berbuerg haalen!
 
Domat steet eis zweet Equipe elo mat 14 Punkten op der 5. Plaz an der Tabell.
 
Muer um Sonndeg ass spillfräi fir eis éischt Equipe.
 
Mëllt Iech och nach bis e Sonndeg Owend fir eis Mullefest de 6. November un -> info@berdenia.lu
 
#MIRsiBERBUERG