Vu Glécksbrénger an engem hëtzegen Hierscht


09 November 2019

Dëse Weekend stinn am ganze Land d'Coupematcher um Programm. Well eis béid Senioréquippen awer leider net méi an de jeeweilege Coupecompetitioune vertruede sinn, hu mer zu Berbuerg dëse Weekend Paus. Déi kënnt secherlech och mol gutt fir ze récupéréieren éier et an déi lescht Phase virun der Wanterpaus geet. Do spillt eis éischt Equipe nach géint Remich/Bous, déi eis punktemässeg am Nacken sëtzen, a géint Wuermer a Mensder déi bis dato sëcherlech hannert hieren Erwaardungen zréck bliwwe sinn. Bei eiser zweeter Equipe bleift besonneg een Highlight erviir ze hiewen. Fir den Ofschloss vun der Hironn, spillt d'zweet Equipe den 29. November zu Biwer géint eisen éiwege Rival deen momentan mat just engem Punkt Viirsprong un der Tabellespëtzt steet. Et gëtt also nach en hëtzegen Hierscht. 

Do kann et secher net schueden ab und zu mol e Glécksbrénger ze hunn. Dofir wëlle mir nach eng Kéier all eise Ballsponsoren Merci soen fir hier Ënnerstätzung. Déi ass virun allem och moralescher Natur, well schonn dës Öfteren hu mir dëst Joer gesinn dass d'Stëfte vun engem Matchball och Matchgléck brénge kann. Sou war et och zum Beispill leschte Sonndeg wéi eisem Trainer Jorge Freitas séng Meedercher de Matchball gestëft hunn. Den uschléissende Match ass mat 3-0 gewonne ginn. Hei nach eng Kéier déi komplett Lescht mat de Glécksbrénger vun der Saison. Ween och eng Kéier wëll Glécksbrénger wëll sinn, oder schonn e Match fir déi nächst Saison viirreservéiere wëll, kann dëst gären op info@berdenia.lu maachen.

Mir si Berbuerg!