Verdéngten Néierlag zu Betebuerg


27 September 2021

SC Bettembourg - FC Berdenia Berbourg 3-1
 
D'Ufanksminutten waren duerch Oftaaschten mat e puer harmlosen Offensivaktiounen geprägt. An der 10. Minutt geet e flaache Fräistouss fir Betebuerg laanscht eise rietse Potto. An der 16. Minutt gi mir a Féirung, dëst no engem Awuerf vum Géigner wou mir de Ball fir eis behaapten an de Vince Scholl mat engem Opsetzer aus 16 Meter zum 0-1 an de rietsen Eck erasetze kann. Betebuerg gläicht awer schonn an der 19. Minutt op Korner aus a ka knapp 5 Minutten drop suguer duerch e flaache Schoss vun der Strofraumgrenz a Féierung goen.
 
Eis Jongen ware sichtlech beandrockt vun dëser Wendung an et huet bis an déi 37. Minutt gedauert bis Berbuerg rëm eng Aktioun no viir hat. De Kappball vum Georgy Courbera no Flank vum Yanick Kissi geet awer e gutt Stéck laanschte de Goal. Wann de Géigner et an der 42. Minutt no engem individuelle Passfehler an der Verteidegung nach net fäerdeg bruecht huet fir ze markéieren, sou ass et 1 Minutt drop den 3-1 an enger Aktioun no engem Korner wou de géigneresche Spiller de Ball kritt an am Strofraum an de laangen Eck schlenzt. No engem gudden Optakt hun eis Jongen ëmmer méi de Fuedem verluer a sou leie mir an der Paus verdéngt mat 3-1 hannen!

No der Halschent sollt awer kee Goal méi falen, och wann nach déi eng oder aaner geféierlech Aktioun derbäi war. Op Berbuerger Saït sinn eng sëllege Schëss entweder laanscht de Goal oder net platzéiert genuch op de Keeper gangen (Fortune Katalay 58. Minutt, Georgy Courbera 68. Minutt, Yanick Kissi 72. Minutt, Tim Habscheid 73. Minutt, Vince Scholl 87. Minutt). Op der aanerer Saït sinn och Schëss laanscht de Goal gaangen (76. Minutt, 80. Minutt, 86. Minutt) an et war allt rëm eise Keeper Kostas deen zwee mol entscheedend agegraff huet (Diagonalbal virum fräie Stiermer déviéiert 63. Minutt, Schoss vum Stiermer am 1 géint 1 déviéiert an der 79. Minutt).
 
Eng verdéngten Néierlaag also fir eis Jongen zu Betebuerg. An der 2. Halschent war net den néidege Bass do fir den Match nach emol ze dréihen. Mond oofbotzen an no viir kucken. Nächst Woch muss awer eng grouss Steigerung hier fir an der Coupe de Luxembourg zu Kehlen weiderzekommen!
 
#MIRsiBERBUERG