Transfert News: Pol Lanners


21 June 2021

De Pol Lanners verlängert fir 3 weider Joer beim FC Berdenia. De 25-jähregen defensive Mëttelfeldspiller war d'lescht Joer vum FC Koeppchen Wormeldange ausgeléint a mecht elo en definitive Wiessel op Berbuerg, wou hien bis lo nët nëmmen am Stade Renert mee wéinst sengem Beruff och schonn direkt niewendrun am Asaz war.
 
Wëllkomm an der Bärefamill, Pol!
 
Mir si Berbuerg!