Transfert News: Mathis Weydert


11 June 2021

Den 18 Joer ale Mathis Weydert ass e jonkt Offensivtalent an ënnerschreift en 3-Jores Kontrakt beim FC Berdenia. Hien wiesselt zwar vun US Hostert op Berbuerg, mee huet awer Famill bei eis am Duerf. Säi Grousspapp Martin wäert dann sécherlech nach méi oft eis Matcher kucke kommen.
 
Wëllkomm an der Heemecht, Mathis!
 
Mir si Berbuerg!